Och de klengste Balcon bitt grousst Potential

En eegene Gaart, eng Terrasse voll mat Blumme oder eng grouss Wiss hannert dem Haus huet net jiddereen. Ma, och kleng Flächen kennen, mat e bëssen Ausprobéieren, e puer klengen Tipps an der Wiel vun de richtege Planzen an e Paradäis fir Mënsch an Natur verwandelt ginn!

Déi éischt Etapp als Ufänger ass wuel d‘Beobachten. Wéi vill Sonn kritt mäin Balcon, respektiv meng Terrasse? Wéi vill Plaz hunn ech a wat hunn d‘Noperen esou bei sech stoen?

Uschléissend sollt ee sech selwer d‘Fro stellen, wat ee gären hätt. E klenge Gaart fir eegent Geméis unzeplanzen (hei bidde sech Hochbeeter gutt un), eng faarweg Oas mat Blummen (hei sollt een sech gutt am viraus informéieren, wat déi jeeweileg Planzen brauchen, wéini a wéi laang se bléien, awer och ob se wanterfest sinn) oder en uspriechend Ëmfeld fir Beien an aner Insekten (hei sollt ee Planze wielen, déi méiglechst vill Pollen hunn)?

Ma, e „Must-Have“, deen einfach selwer ze bauen ass an net vill Plaz ewech hellt, ass en Insektenhotel. A ganz Lëtzebuerg gi reegelméisseg Coursen organiséiert, fir méi iwwert d‘Besoinen vun de Wëllbeien gewuer ze ginn an am Grupp en Insektenhotel ze erstellen.

Och de klengste Balcon bitt grousst Potential
© Shari Pleimelding / moien.lu

Dobäi muss ee keng Angscht virun décke Beiennäschter hunn, gepickt gëtt een an der Reegel och net. D‘Wellbeien sinn Eenzelgänger a wien hinnen Liewens- an Erhuelungsraum bitt, dréit domat och e klengen Deel géint d‘Beiestierwe bäi. Des Insekten ze beobachten, mécht zousätzlech nach richteg Freed!

Nieft dem Hochbeet an normale Blummebacken si Kiwwele fir un d‘Gelänner ze hänken immens praktesch. Et verléiert ee wéineg bis keng Plaz an et verschéinert een déi kleng Fläch nach méi. Ob Kraider , Blummen oder Geméis, der Fantasie si beim Beplanze keng Grenze gesat.

Och de klengste Balcon bitt grousst Potential
© Shari Pleimelding / moien.lu

Zu gudder Lescht sollt een awer och drun denken, sech den een oder anere wiederfeste Miwwel erauszestellen, fir sech dobaussen erhuelen ze kennen an och selwer vum klenge Meeschterwierk ze profitéieren.

E leschten Tipp: Sidd net enttäuscht wann eng Planz net richteg wuesse well oder futti geet. Et kann ee sech nach esou vill am viraus informéieren, schlussendlech muss ee selwer ausprobéieren, wat iwwerlieft a wat sech lount ze planzen. Dat kann och emol e puer Summeren daueren – aus all Versuch léiert een awer!

Dernières nouvelles