Waasserwirtschaft: Problem erkannt – Léisung verluet!

Stellungnam vum Mouvement Ecologique zum Entworf vum 3. Bewirtschaftungsplang an der Waasserwirtschaft

Entspriechend dem EU-Recht muss all Land reegelméisseg e Plang virleeën, wéi d’Situatioun am Waasserberäich a sengem Land verbessert soll ginn, wéi eng Ziler ugestrieft ginn a wéi dës erreecht kënne ginn.

Nodeem et an de Joren 2009 an 2015 éischt Pläng fir Lëtzebuerg gi sinn, gouf – wéi juristesch virginn – elo e weideren Drëtte mam Numm „Entworf zum 3. Bewirtschaftungsplang vun de Lëtzebuerger Undeeler vun den internationale Flossgebittseenheete vu Rhäin a Maas 2021-2027“ erstallt. E louch bis viru Kuerzem am Kader vun enger ëffentlecher Prozedur aus, sou datt all Interesséierten an och Gemengen Ännerungsvirschléi duerleeë konnten.

Nom Duerchliese vum Entworf ass de Mouvement Ecologique der Iwwerzeegung, datt sech fundamental Nobesserungen opdrängen. Dobäi bezitt sech d’Kritik um Entworf op folgend Iwwerleeungen:

D’Situatioun um Niveau vun der Waasserwirtschaft zu Lëtzebuerg ass eigentlech dramatesch. Bei de Fléissgewässer hu sech vill Parameter net verbessert a si souguer nach méi schlecht anzestufen wéi bei de viregte Bewirtschaftungspläng.

Esou huet sech beispillsweis den hydromorphologeschen Zoustand vun der Uelzecht verschlechtert (dat, obwuel d’EU-WRRL, d’europäesch Waasserkaderrichtlinn vun 2000, souguer en Netverschlechterungsverbuet virgesäit). De gudde chemeschen Zoustand gëtt, wéi bei villen anere Fléissgewässer och, op kee Fall virun 2027 erreecht.

Änlech gëllt et fir vill weider Uewerflächegewässer: Esou gouf den hydromorphologeschen Zoustand vun der Ënnersauer säit 2009 souguer vu méisseg op schlecht zeréckgestuuft, fir just dës Beispiller ze nennen.

Beim Grondwaasser hunn 3 vu 6 beproufte GW-Kierper e schlechte chemeschen Zoustand, eng Verbesserung bezéiungsweis d’Zilerreechung ass bis 2027 net ze erwaarden („onwarscheinlech“).

En dréngend Handelen ass ugesiichts vun der héchst problematescher Situatioun (kaum relevant Fortschrëtter an zentrale Beräicher ënnerhalb vun de vergaangene Joer, gekoppelt mat engem steigenden Drock op dat Gutt Waasser (Siidlungsentwécklung, Klimaverännerung asw.)) méi wichteg wéi jeemools virdrun.

Dem virleienden Entworf feelt et sécher net u Begrënnungen, Erklärungen a gudden Absichten, mee no 2 Bewirtschaftungspläng kann een den Androck vum Bal-Stëllstand net ofleeën.

Den Entworf vum drëtte Waasserwirtschaftsplang muss als absolut onzefriddestellend bezeechent ginn. Nodeems schonn déi zwee éischt Pläng a wäiten Deeler un der Ëmsetzung gescheitert sinn, ass dëst Schicksal elo wuel och dem hei virleiende Plang ze erwaarden. Vu Plang zu Plang gëtt soumat zënter 2009 déi desastréis Situatioun erfaasst, zum Deel beschriwwen … awer (nach) net adequat reagéiert.

Fakt ass: Et gouf nees net déifgräifend analyséiert, wourun d’Ëmsetzung vun de viregte Pläng gescheitert ass a wat ënnerholl muss ginn, fir datt dës Hürden iwwerwonne kënne ginn.Och gouf keen ausräichende Monitoring vun den duerchgefouerte Moossnamen virgeholl.

„Vun den am Moossnameprogramm vun 2015 geplangte siidlungswaasserwirtschaftleche Moossname goufen ëm 350 vun insgesamt 1.269 ëmgesat.“ „Vun den 946 am Moossnameprogramm vun 2015 geplangten hydromorphologesche Moossname goufen insgesamt 73 Moossnamen, wat bal 8 % ausmécht, ëmgesat.“ Dës Zitater an Zuelen aus dem virleienden Entworf schwätze fir sech …

Wann dann och nach lapidar op Säit 336 festgestallt gëtt, datt déi gesaten Ziler net erreecht konnte ginn, well „vill Moossnamen, déi am Moossnameprogramm virgesi waren, nach net ëmgesat konnte ginn“, esou weist dat (leider) déi Onzougänglechkeeten am Waasserwirtschaftsberäich op prägnant Aart a Weis op.

D’Auteure vum Plang selwer schénge mat wéineg Zouversiicht un d’Ëmsetzung erunzegoen a gi schonn am viraus e Scheitere vum drëtte Plang zou: „ … datt de Moossnamebedarf zu Lëtzebuerg immens héich ass a mat der gesellschaftlecher Entwécklung méi schnell klëmmt, wéi datt zuelräich Moossnamen ëmgesat kënne ginn, fir d’Ziler vun der WRRL ze erreechen.“

Och d’Strukturen um Niveau vun der Waasserwirtschaft sinn net wierklech gëeegent, fir eng effizient Waasserwirtschaft sécherzestellen. Lëtzebuerg gëtt esou, aller Viraussiicht no, grondsätzlech den EU-Virgaben vun der Waasserkaderrichtlinn net gerecht.

Dës Situatioun ass duerch den äusserst problemateschen Zoustand vum Waasser zu Lëtzebuerg engersäits an anerersäits opgrond vum steigenden Drock op dës iwwerliewenswichteg Source net drobar.

Waasser- a Gewässerschutz dierf net méi allen aneren – wirtschaftspoliteschen, siidlungstechneschen, landwirtschaftlechen – Entscheedungen nogelagert ginn! Et kann net sinn, datt weiderhin Usiidlunge vu Betriber oder den Neibau vu gréissere Siidlungen virgesi gëtt, ouni datt am VIRFELD sécher gestallt konnt ginn, datt dëst aus waasserwirtschaftlecher Siicht vertrietbar ass.

Och kann et net sinn, datt bekannt, zentral Problemer weiderhin op déi laang Bänk gedréckt ginn. An heizou gehéiert z.B. déi haiteg landwirtschaftlech Praxis. Am Entworf ginn d’Problemer zwar zum Deel benannt, ouni awer datt adequat reagéiert gëtt.

Dës Situatioun war schonn 2015 an 2019 bekannt, d’Léisunge goufen awer och op e spéideren Zäitpunkt verluecht. Dat selwecht ass elo nees de Fall. Esou gëtt zwar eendeiteg ervirgehuewen, wéi bedeitungsvoll d’GAP-Reform aus Waasserwirtschaftssiicht ass, ouni awer Moossnamen ze skizzéieren, déi am Kader vun dëser Reform gebuede ginn.

Folgend Zitat schwätzt an dem Zesummenhang Bänn: „Et geet een dovunner aus, datt déi relevant landwirtschaftlech Aktivitéiten an den nächste Joren entweder hire géigewäertegen Niveau bäibehale wäerten, oder am Fall vum Maisubau an der Rënnerwirtschaft vermuttlech liicht klamme wäerten.“

Datt de Klimawandel a seng Folgen ugeschwat ginn, ass absolut begréissenswäert, awer ass de Wëllen, hei schnell géigenzesteieren, just bedéngt erkennbar.

Wat spezifesch Aspekter betrëfft, esou sinn d’Ëmsetzungsraim awer deelweis enttäuschend laang, z.B. wat d’Moossnamen am Beräich „heavily modified waterbodies“ betrëfft (Musel: Zäitraum 2045).

Besonnesch de chemeschen Zoustand vun den Uewerflächegewässer wäert net wierklech ze verbessere sinn, engersäits esou laang d’„one out-all out“-Klausel gëllt an anerersäits d’Landwirtschaft net méi intensiv an engem verstäerkten Dialog de Gewässerschutz agebonne gëtt an entspriechend Moossnamen ergräift.

De Mouvement Ecologique erhofft sech deemno, datt den Entworf an der Essenz iwwerschafft gëtt, d’Waasserwirtschaftsamt reforméiert, déi néideg politesch Schlëss gezunn an eng méi breet Diskussioun iwwert d’Erausfuerderungen am Waasserwirtschaftsberäich séchergestallt ginn.

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique

Annexe:

Dernières nouvelles