Nei Single vu Porn Queen

Porn Queen ass zanter 2010 eng aktiv Hard Rock Band zu Lëtzebuerg. Déi éischt Zäit hunn d’Kënschtler an engem klenge Kader an der lokaler Szene, hier Musek zum Beschte ginn – bis datt si, natierlech mat groussem Succès, d’Virgrupp vum legendäre Gittarist Slash an der Rockhal waren.

No dësem Concert huet sech sou munches fir déi Lëtzebuerger Band verännert. Si hunn ugefaange weltwäit (mat grousse Kënschtler) ze spillen an esou eng riseg Fangemeinschaft opgebaut.

Zanter dem 3. Mäerz ass hier 3. Single « Futur Past » op all Streamingplattform disponibel. D’Lidd wäert op der nächster EP ze fanne sinn, déi Enn dës Jores verëffentlecht gëtt.

Weider Informatiounen zu der Band fannt Dir hei.

Dernières nouvelles