Ab ee Méindeg: 2G-Reegel fir d‘Chrëschtmäert

Wärend an der Stad Lëtzebuerg nach nogeduecht gëtt, hunn d‘Süd-Gemengen Esch-Uelzecht an Déifferdeng beschloss ab nächstem Méindeg, den Zougang zu hire Chrëschtmäert mat der 2G-Reegel ze reglementéieren. Et soll jo maximalen Drock op déi Ongeimpft ausgeüübt ginn, fir datt dës feststellen, datt hire Choix ganz einfach dee falschen ass.

Anersäits ass et u sech just konsequent, well mam neie Covid19-Gesetz, behalen d‘Leit wuel nach hire Choix, mee dëse soll hinne méiglechst deier ze stoe kommen. Ab Mëtt Januar soll een net méi dierfen op d‘Schaff zougelooss ginn, wann een net geimpft, geheelt oder zertifiéiert getest ginn ass. Nach heescht et datt en Ongeimpften net sollt dierfen entlooss ginn, mee dat ass reng Theorie.

A wien als Ongeimpften nëmmen dann nach dierf seng Aarbechtsplaz physesch betrieden, wann dësen een géint Geld erhalenen zertifiéierten Test virleeë kann, muss sech dann och nach domadder zefridde ginn datt d‘Regierung nach eventuell u senger Wirtschaftsleeschtung interesséiert ass, him awer esou och wëll ze verstoe ginn, datt hien en Aussätzegen ass, ee gesellschaftleche Schandfleck .

Fir déi beschtens forméiert Sécherheetsagente vun de renomméierte Gardiennage-Entreprisen heescht et elo bei der Kontroll vum „Zertifikat“ (egal op als App oder op Pabeier) och den Auswäis vun den interesséierte Chrëschtmaart-Besicher préiwen. Dat soll esou och am ganzen Horesca-Secteur ugewannt ginn. Dat soll da wuel och am – net essentiellen Handel – ugewannt ginn.

Datt dat alles Mesure sinn, déi iwwert dat aktuellt Gesetz erausgi spillt keng Roll. Zum enge wie soll dat gelies a verstanen hunn an zum aneren, hänkt et och ëmmer dovunner of wien d‘Hand um laangen Hiewel huet. An et ass déi prekoniséiert Strategie vun enger Regierung déi sech net wëll enger Impfflicht aussetzen, wärend dat anerwäerts elo kënnt an elo och vu Bréissel gefuerdert gëtt.

Sinn dann elo all déi Leit wou 2G-Konfrom sinn op de Chrëschtmäert a Sécherheet? Politesch gesi bestëmmt, woubäi wann ee sech net Test (och als Geimpften) brauch et scho Symptomer fir sech Gedanken ze maachen, an déi sollten dann och ausgepräägt sinn. Nach ass et esou, datt een mat engem kompletten Impfschema ka „Porteur“ vum Virus sinn. Schéngt awer keng Roll ze spillen…

Dernières nouvelles