Et steet eng Regierungsëmbildung am Raum

Nodeems zur Rentrée am September d‘Ministeren Dan Kersch (Aarbecht) a Romain Schneider (Soziales) annoncéiert haten, sech neien Erausfuerderunge stellen ze wëllen, gouf drop gewaart, wéini et dann elo zur Regierungsëmbildung komme kéint.

Déi sollt schonn am Januar virgeholl ginn, an iwwert den „Ersatz“ huet et elo och schonn esou eppes wéi en „Hiwäis“. De Georges Engel, aktuell Fraktiounsvirsëtzende vun der LSAP soll dann de Portefeuille vum Aarbechtsministère iwwerhuelen, wärend de Sozialministère vum Claude Hagen (Député-Maire vun Dikrech) géi geréiert ginn. Dat mécht Sënn, wëll béid Politiker musse jo eppes Zäit opwannen fir sech mat den Dossieren ze familiariséieren.

Vergiesse mir net ze ernimmen, datt den Dan Kersch och Vizepremier ass. Dëst Mandat soll dem Paulette Lenert (Gesondheet) zougestane ginn. Ee verständlechen a vertrietbare Schratt. Si huet villes an dëse schwieregen Zäite bewältegt kritt, och wann et sécherlech divergent Siichtweisen huet. Zudeem ass et längst kee Geheimnis méi, datt ee bei der LSAP am Paulette Lenert déi nächst Premierministesch gesäit. Gutt hei huet de Wieler dat lescht Wuert…

Dernières nouvelles