Sweet Soul Christmas Revue am Artikuss

Den Dezember ass net nëmmen dee leschten – an och kale Mount am Joer. Et ass dee besënnlechsten.

D’Stroosseweeër an Haiser si schéi beliicht, iwwerall wou een hikuckt, si wonnerschéi Chrëschtbeem dekoréiert. Dat eenzegt, wat feelt ass déi passend Musek. An hei kann den Artikuss zu Zolwer mat engem wonnerbare Concert aushëllefen.

Dëse fënnt de Sonndeg, den 19 Dezember um 20 Auer statt.

Um Programm stinn déi erfollegräichste Chrëschtdagslidder aller Zäiten – vum Aretha Franklin iwwert de Ray Charles, Stevie Wonder, Mariah Carey bis hin zum Whitney Houston.

Hei kann een sech een Ticket bestellen.

Dernières nouvelles