D’Freed um Sangen nees entdecken

Oppent Chrëschtdagssangen

801
Chrëschtdag
© David Beale/ unsplash

D’Union Grand-Duc Adolphe, an Zesummenaarbecht mat dem Piusverband an der INECC, organiséiert Sonndes, den 12. Dezember 2021, um 16.00 Auer zu Iechternach am Abteihaff e Chrëschtdagssangen.

D’Manifestatioun ass op fir all Sängerinnen a Sänger an och de Publikum dierf a soll matsangen!

Um Programm vun dësem Concert, fir deen elo schonns bal 400 Sänger a Museker sech gemellt hunn, stinn traditionell Chrëschtlidder, déi een- oder zweestëmmeg gesonge ginn, mat Begleedung vun engem Orchester. Déi Interesséiert kënnen sech d’Noutematerial an d’Begleedung als MP3, fir sech mat den Arrangementer ze familiariséieren, op den Internetsitte vun den Organisateure ënnert der Rubrik “Chrëschtdagssangen”gratis eroflueden. Déi meeschte Lidder goufe vum Rob Köller a Pascal Thiry speziell fir dës Geleeënheet nei arrangéiert, esou dass se fir Museke mat, oder ouni Chouer, gespillt kënne ginn. D’Noutematerial vun dësen Arrangementer kann all Musek bei der UGDA bestellen.

Den Dirigent vum Event ass de Nicolas Billaux, e jonke Chargé de Cours fir Choralgesang vun der UGDA-Musekschoul. Matmaache bei dësem Chrëschtdagssangen, wat ënnert dem COVID-Check leeft, ka jiddereen dee Loscht huet.

D’Chrëschtdagssangë fënnt am Éierenhaff vun der Iechternacher Abtei, nieft der Basilika, Sonndes den 12. Dezember 2021, statt. Rendezvous ass um 16.00 Auer. De Concert gëtt gefilmt an duerno op Apart-TV an anere lokale Sendere gewisen.

Virdrun an duerno kann een da gären nach en Tour iwwert de Chrëschtmaart maachen, dee vun den Iechternacher Veräiner um Parking bei der Sauerbréck organiséiert gëtt, oder duerch d’Iechternacher Geschäfter, déi deen Dag all op hunn.

Dëse Concert steet ënnert dem Zeeche vum Undenken un de kierzlech verstuerwene President vum Piusverband, den Albert Brauch, deen sech zäitliewens fir de Gesang an alle Formen, a fir d’Zesummenaarbecht vun de Verbänn agesat huet.

Komplette Repertoire: Winter Wonderland – Am wäisse Wanterbësch, White Christmas – Krëschtdag am Schnéi, E Wonnerstär, Am Uewe potert d’Feier, An der grousser hellger Nuecht, Les anges dans nos campagnes, Petit Papa Noël, O du Fröhliche, Stille Nacht, Süsser die Glocken Nie Klingen, Happy Christmas (War is over), Fröhliche Weihnacht überall, Feliz Navidad, Marching Christmas (Medley: Jingle Bells, Morgen Kinder wird’s was geben, We Wish You a Merry Christmas)

Jiddereen dee Loscht huet ka matmaachen!

*matgedeelt vun Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)