D’Regierung a Schwieregkeeten

D’Reform vun de Familljeleeschtunge vun 2016 gouf vum LCGB méi ewéi eemol kritiséiert. Obwuel den Index erëm agefouert ginn ass, gouf ee Wäertverloscht vu 25 Prozent net erëmgeholl.

Op där anerer Säit huet d’Gesetz am Joer 2020 zu enger Verurteelung wéinst Diskriminéierung um Europäesche Geriichtshaff gefouert. Dobäi goung et ëm den Ausschloss vu Familljebäihëllefen, wann et sech ëm Stéifkanner vu Grenzgänger handelt.

Wärend de Gesetzesentworf 7828 déi lëtzebuergesch Gesetzer mam europäeschen Urteel an Aklang brénge sollt, ass kloer, datt de Staatsrot ee fërmleche Widersproch géint déi vum Familljeministère ugeholle Léisung formuléiert huet.

Dëse Widderstand bezitt sech op d’Aféierung vun enger neier « Ongläichbehandlung », wat d’Bewunner betrëfft.

De Familljeministère muss d’Gesetzgebung zu de Familljebäihëllefen iwwerpréiwen, fir déi agefouerte Diskriminéierung vu Grenzgänger op en Enn ze bréngen. Esou kann hien eng Verschlechterung vum System fir all Leeschtungsempfänger verhënneren. Dës weideren hält den LCGB u senger Fuerderung fest. Et geet ëm eng Hausse vun 20 Euro pro Mount a Kand. Well d’Inflatioun staark klëmmt, ass dës Erhéijung esou dréngend ewéi ni.

Dernières nouvelles