Kulturfabrik Kënschtler-Residenz: D’Sofia Aouine dierf sech literaresch ausliewen

Vum 10. bis den 28. Januar 2022 kënnt e bekannte Gesiicht aus der Literaturzeen zeréck an d’Residenz vun der Kulturfabrik. D’Sofia Aouine wäert wärend hirem Openthalt un hirem neie Roman schaffen, deen nach dëst Joer bei Éditions de la Martinière erauskomme soll.

D’Sofia Aouine, 1978 gebuert, ass Autorin a Radio-Reporterin. Am Joer 2019 huet si hiren éischte Roman mam Titel „Rhapsodie des oubliés“ bei Éditions de la Martinière verëffentlecht, konnt domat de Prix de Flore 2019 an de Literaturpräis Beur FM Méditerranée – TV5Monde 2020 vir sech gewannen.

Scho beim éischte Roman hu sech de Lëtzebuerger Kulturministère, d’Schlass Buerglënster an d’Kulturfabrik en décke Merci vun der Schrëftstellerin verdéngt. Bei Word in Progress 2018 konnt d’Sofia Aouine schonn Ausschnëtter aus hirem Wierk virliesen an huet d’Geschicht wärend der Residenz am Schlass Buerglënster vervollstännegt.

Am November 2019 koum si dunn zeréck an d’Kufa fir en After-Word In Progress, ier si de 14. Dezember 2021 nees Extraiten vun engem Text presentéiert huet, deen do nach an der Maach war.

Mir wënschen der Autorin vill Freed a Kreativitéit an der Kufa!

Dernières nouvelles