LCGB: Solidaritéit mat der Ukrain

No der vëlkerrechtswiddreger russescher Invasioun an d’Ukrain, weist sech och den LCGB bestierzt.

De Samschden, de 5. Mäerz fënnt eng national Antikrichsdemonstratioun an der Stad op der Claire Fontaine Plaz statt. Erféiert iwwert déi brutal Ereegnesser, rifft den LCGB seng Memberen dozou op, un dëser Demonstratioun, déi ënnert de Covid19-Reegelen ofleeft, deelzehuelen.

Nom Zweete Weltkrich, den Jugoslawienkricher an dem Kosovokrich, bedreet elo een neie Krich Europa. Dëse russeschen Ugrëff ass duerch näischt ze rechtfäerdegen, et ass eng enorm Verletzung vum Vëlkerrecht. Mënscheliewe stinn um Spill, Flüchtlingswelle wäerten optrieden.

Et ass een ongerecht mënschlecht Drama.

Déi europäesch Unioun, déi an de 50er Joren ee friddleche Projet zur Verhënnerung vun neie bewaffente Konflikter an Europa gegrënnt gouf, huet séier op dës Situatioun reagéiert – an direkt Sanktioune géint Russland verhaangen. Dës weideren huet si der Ukrain humanitär Hëllef a militäresch Ausrëschtung zougeséchert.

Den LCGB begréisst dës Reaktioun a fuerdert och, datt Europa alles maache soll, fir seng eegen Verdeedegung ze garantéieren an d’Ausbreedung vun de bewaffente Konflikter ze verhënneren.

Weider Informatiounen zu der Demonstratioun fannt Dir hei.

Dernières nouvelles