Dem Staatsminister säin DEA um Proufstand

De sengerzäit 26 järege Xavier Bettel, kritt virgeworf am Kontext vun eng Ofschlossaarbecht ganz gehéiereg ofgeschriwwen, jo plagiéiert ze hunn. Eis Kolleege vu reporter.lu hu jo erausfonnt, datt dem Premier säin DEA, en Dokument vun insgesamt 56 Säiten, op 54 Säiten Inhalt produzéiert huet ouni déi derzougehéiereg Quellen unzeginn. Esou entsteet ee Plagiat, an dofir soll hien elo béissen.

Et versteet sech, datt esou eng investigativ-journalistesch Aarbecht wier Gedauschs – an dat net nëmmen am Bliederbësch – suergt. Besonnesch bei der Oppositioun sinn esou „Affären“, déi jo däitlech eng Opfuerderung zum Récktrëtt sinn, gäre gesinn. Et geet an der Saach manner ëm den Inhalt, wéi ëm d‘Form, woubäi d‘Kontrollorganer vun esou Aarbechten, ni a Fro gestallt ginn.

DEA

Natierlech steet am Kontext vun de géint de Xavier Bettel geriichte Virwërf, och d‘Universitéit vu Loutrengen (Nanzeg) eppes ënner Drock, firwat et vun hirer Säit aus schonn déi lescht Woch geheescht huet, datt ee sech wéilt dësem DEA nach emol mat eppes méi Akribie wéit unhuelen. D‘Universitéit ass jo dann och déi eenzeg kompetent Autoritéit, fir dësen DEA ze iwwerpréiwen.

Alles mat der Rou

Esou eng nodréiglech Iwwerpréiwung vun engem DEA ass allerdéngs guer net emol einfach, well bei der Kontroll, kënnen sech déi wëssenschaftlech gepréifte Kontrollorganer keng Bléist leeschten. Et geet jo am Prinzip drëms ze klären, op d‘Kontroll vum Premier sengem DEA sengerzäit no den deemools gültege Krittären erfollegt ass. Datt d‘Aarbecht, wéi vu reporter.lu bericht, schlampeg ass kann ee wuel mat eegenen Ae feststellen. Gewosst ass och, datt net de Student sech d‘Punkte gëtt.

Wann ee wuel net brauch dovunner auszegoen, datt d‘Journalisten d‘Universitéit vu Loutrengen an ee schlecht Liicht stelle wëllen, et also schonn éischter politesch Motiver hannert dëser Aktioun huet, esou bleift trotzdeem ëmmer eppes Dreck hänken. A wann esouvill Stëbs opgewierbelt gouf, ass ee gutt beroden, dësem d‘Zäit ze vergënnen sech nees eppes „ze leeën“. Dat erkläert, firwat dës nodréiglech Iwwerpréiwung ëm de 15 November a fir d‘Auer vun zwee Méint stattfënnt.

DEA

Entspriechend der Kommunikatioun vun der Uni, sollen sech dräi Experte mam „Wierk“ vun eisem Premier aus dem Joer 1999 beschäftegen. Ugefouert gëtt dës Ekipp vum renomméierte Professer Jean-Paul Haton, ee Member vun der Loutrenger Wëssenschaftsakademie. Op sech dës Ekipp elo exklusiv mam Xavier Bettel senger Aarbecht befaasse wäert, oder déi sech och muss zur Jury, déi ëmmerhin dat wat de Premier hinne virgeluecht huet validéiert hat, dat schéngt net vun Interessi.

Firwat et muss sinn

Datt deen ale Krom zum aktuellen Zäitpunkt breet getrëppelt gëtt, huet net direkt en investigativen Hannergrond. Den DEA vum Xavier Bettel ass folgerichteg net „zoufälleg“ an den Hänn vun eise ganz seriéis an unerkannte Beruffskolleege gelant. Et ass allerdéngs hire Job, esou Gefällegkeeten nozegoen. Et huet jo, wann ee sech den DEA ukuckt, net vill gebraucht fir d‘Feeler ze erkennen.

DEA

Op et wirtschaftlech Grënn huet, esou eng Geschicht aus dem Hutt ze zauberen? Éischter net, do misst ee schonn noweise kënnen, datt et zu der Virlag vum Dokument a bei erfollegräicher Publikatioun eng finanziell Entschiedegung géif ginn. Am presente Fall geet et folgerichteg méi ëm Politik wéi ëm Geld, an och do muss et erlaabt sinn ze froen: „Wien notzt dat?“. Aus der Äntwert op dës Fro, misst dann och de Commanditaire vun der Investigatioun ze ermëttele sinn.

Wéi och ëmmer, 2022 läit d‘Urteel vun der Universitéit an hirer investigativer Taskforce vir, dann dierf nach emol alles opgewiermt ginn. Ugeholl den DEA gëtt revoquéiert, wat ass dann? Streng geholl näischt, ausser d‘Erkenntnis, datt de Xavier Bettel ee Filou ass an et him u Charakterstäerkt feelt. Fir ee Récktrëtt dierft et jiddefalls net genuch Substanz hunn, Téitschen hannerléisst et awer.

Foto: © European Union 2021

Dernières nouvelles