International Motor Show 2021: Op der Sich no jonken Talenter

Vum 19. bis den 21. November 2021 fënnt an der LuxExpo The Box déi 23. Editioun vun der International Motor Show statt. Vun aussergewéinleche Gefierer, iwwert sportlech Rennween, Oldtimer, Motorieder an dozou passend Shows, komme Motosportbegeeschterter op hir Käschten.

Ugekënnegt sinn zuelräich Iwwerraschungen an e räichhaltege Programm, ugepasst un d’Wënsch un d’Fans vun de motoriséierten Zwee- a Véierrieder.

An dësem Kader hu sech den ACL an d’FIA zesummegedoen a sichen dëse Weekend mat „FIA Rally Star“ no jonken Talenter. Mat dobäi hu si en Exemplaire vum elektresche Kaart, dee viru kuerzem op der Pist zu Monnerech agesat ginn ass.

Um Simulator kënne Piloten tëscht 17 a 26 Joer mat Lëtzebuerger Pass sech am Spill „WRC 9“ beweisen. Dobäi gëllt et an 3 Manchen besser wéi d’Géigner ze sinn a sech domat seng Plaz an der europäescher Final, déi am Januar 2022 stattfënnt, ze sécheren. Ganzer 48 Länner huelen un der Competitioun deel.

Aschreiwe kann ee sech op der Plaz oder och online via lu.fiarallystar.com. Rendez-vous ass e Freideg um 14 Auer fir déi éischt Manche.

Méi zur International Motor Show gitt Dir op motorshow.lu gewuer.

Dernières nouvelles