Feier zu Steesel fuerdert een Doudesaffer

D’Pompjeeë vum CGDIS hate gëschter mat allerlee Bränn uechtert d’Land ze kämpfen. Bei engem Asaz konnt just nach den Dout vun enger Persoun festgestallt ginn.

Ugefaangen huet et kuerz viru 6 Auer zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt. An engem Haus war Feier ausgebrach. D’Asazkräften hunn eng Persoun missen iwwert d’Dréileeder a Sécherheet bréngen.

Kuerz drop, géint véierel op 8 goufen d’Pompjeeën op en Asaz zu Steesel geruff. Bei hirer Arrivée gouf festgestallt, datt sech am brennenden Haus nach en Awunner befonnt huet. D’Persoun gouf vum Otemschutzgrupp erausbruecht. Allerdéngs konnt den Dokter kee Liewenszeeche méi fannen.

Am Asaz waren d’Ambulanz vu Lëntgen a Mamer, de SAMU sou wéi d’CIS’e Luerenzweiler, Lëtzebuerg a Steesel.

E weidere Brand gouf et owes kuerz virun 20 Auer. Zu Huldang stoung en Zëmmer a Flamen. Dobäi hunn 2 Persounen wéinst liichten Dampvergëftungen missen an d’Spidol bruecht ginn. Op der Plaz waren d’Ambulanz Ëlwen an Housen, an d’CISen Ëlwen, Wäiswampech a Klierf.

Dernières nouvelles