Studentefoire 2022: Editioun a presidentiell mat enger digitaler Nuance

No der digitaler Versioun 2020 an dem hybriden Evenement 2021 ass d‘Studentefoire an dësem Joer nees bal a senger traditioneller Form zeréck. De 27. an 28. Oktober 2022 kréien d‘Schüler vun den Ofschlossklassen um Campus Belval d‘Méiglechkeet, sech iwwert hiren zukünftege Bildungswee ze informéieren.

Duerch d‘Evenement a presidentiell gëtt en direkten Echange tëscht Schüler a Representante vun den Universitéiten an Héichschoulen, dem Ministère, de Cerclen a weideren Associatioune gebueden. Alles wat déi jonk Erwuessen iwwert déi verschidde Léiergäng, d‘Studenteliewen oder beispillsweis och finanziell Hëllefen fir Studente wësse wëllen, gi si hei gewuer.

Zousätzlech dozou wäert 3 Deeg am viraus eng digital Plattform accessibel sinn, déi net nëmmen all d‘Aussteller um Belval presentéiert, mee och digital Aussteller bereet hält, déi sech mat Videoen virstellen an erofluedbar Dokumenter zur Verfügung stellen.

Weider Detailer zur Studentefoire 2022 wäerten an de kommende Wochen a Méint verëffentlecht ginn. Organiséiert gëtt d‘Evenement vum Héichschoulministère a Kollaboratioun mat der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentekreeser ACEL.

Dernières nouvelles