Kultur rullt: D’Konscht vum Alain Welter op 10 TICE-Busser

Scho virun 2 Joer huet de Lëtzebuerger Artist Alain Welter véier Killtierm zu Déifferdeng mat senger Graffiti-Konscht ëmmantelt an esou de Minett e Stéck méi faarweg gemaach. Am Kader vun Esch2022 zirkuléieren elo och 10 Busser am Minett-Design vum kreative Kärel.

Op 6 Gelenkbusser vun 18 Meter a 4 Standardbusser vun 12 Meter ass eng Mëschung aus Elementer, déi de Kënschtler ëmmer erëm opgräift, Riedensaarten aus dem Süden, architektonesche Komponenten aus dem Minett, bekannte Kultfiguren an natierlech enger raschteg rouder Faarf ze fannen.

D'Konscht vum Alain Welter op 10 TICE-Busser
© Hype Social Media

Säi bis ewell gréissten digitale Projet

Dës Kéier ass et fir de Lëtzebuerger allerdéngs net direkt mat der Spraydous un de Support gaangen. „Beim Erstellen vum Design hunn ech mech natierlech op d’Minettregioun bezunn. Charakteren, déi ech soss op iwwerdimensional grouss Mauere gesprayt hunn, sinn elo an digital gezeechenter Form op de Stroossen am Süden ze gesinn“, erkläert den Illustrator a Graffiti-Kënschtler Alain Welter.

Fir eng Verbindung zu de Killtierm ze schafen, sinn zousätzlech verschidden Elementer dovunner am Design fir d’Busser opgegraff ginn. Weider ënnersträicht hien, datt dëst säi gréisste Projet ass, deen hie bis elo an digitaler Form duerchgefouert huet. Ëm de Lettrage huet sech iwwregens d’Firma Langehegermann, en Traditiounsbetrib aus dem Minett gekëmmert.

D'Konscht vum Alain Welter op 10 TICE-Busser
© Hype Social Media

Ma, mat dëse rullende Konschtwierker soll op d’Kulturhaaptstad 2022 higewise ginn. Ob Heemescher, kulturinteresséiert Persounen, Visiteuren oder Touristen, jidderee soll Loscht kréien un Esch2022 deelzehuelen. A Saache Mobilitéit gëtt een direkt matzerwéiert – méi einfach a komfortabel, wéi den ëffentlechen Transport ze notzen, kann een et wuel net kréien.

A Propos Transport: Am November 2021 huet d’Ekipp hannert Esch2022 och e Fliger am speziellen Kulturhaaptstads-Design ofhiewe gelooss. Heivir duerft d’Lynn Cosyn sech op enger Boeing 737-800 vun der Luxair ausliewen.

Dernières nouvelles