Spezialtimbere fir d’Feierdeeg 2021

Passend zu de wanterleche Feierdeeg bréngt d’POST Lëtzebuerg seng Spezialeditioun mat 2 Timberen eraus. Als Motiv gouf eng geometresch Schnéiflack vum Artist Jens W. Beyrich gewielt.

Ee Mol op gréngem an ee Mol op roudem Hannergrond ass d’Schnéiflack mat de 6 Spëtzen gedréckt ginn. Fir de besonneschen Higucker huet ee sech fir metallesch a phosphoreszent Faarwen entscheet.

Ma, pro verkaaften Timber ginn 10, respektiv 15 Cent un d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. A Presenz vum Artist wäert et d’Spezialeditioun e Mëttwoch, de 15. Dezember vun 13 bis 17 Auer am Espace POST op der Stater Gare (20, rue de Reims) ze kafe ginn, ier et se uschléissend an alle Filialen an online ze fanne gëtt.

Feierdagstimbere vun der POST
© POST Luxembourg

Fir d’Schmockstécker ze schützen, huet ee beim Cachet eng méi minimalistesch Approche gewielt. Gutt datt Schéinheet ëmmer am A vum Betruechter läit.

Dernières nouvelles