Bankgeschäfter: LuxTrust Mobile a LuxTrust Scan ersetzen den Token

Zur Zäit kritt d’ULC vill Ufroe vu Bankclienten déi opgefuerdert ginn an noer Zukunft vum bekannte LuxTrust Token op LuxTrust Mobile, bezéiungsweis LuxTrust Scan ze wiesselen.

Dës Ëmstellung schéngt offensichtlech fir vill Verbraucher bezéiungsweis Bankclienten problematesch. Heizou sief gesot, datt de Banken an hire Clienten dës Ëmstellung duerch déi europäesch Gesetzgebung operluecht gëtt, an zwar duerch déi europäesch Direktiv betreffend d’Bezueldéngschter (Directive sur les services de paiement, DSP2).

Begrënnt gëtt dat besonnesch mat enger erhéichter Sécherheet bei der Benotzung vu LuxTrust Mobile géigeniwwer dem aktuell nach zimmlech verbreeten Token.

All Bankclienten wäerten dofir am Laf vum kommende Joer dëse Wiessel op de Smartphone vollzéie mussen.

D’ULC kann awer feststellen, datt all zu Lëtzebuerg usässeg Clientsbanken op hire Säiten ausféierlech Erklärunge ginn, wéi dëse Switch an der Praxis viru sech geet. D’Ëmstellung fänkt an all Fall domat un, d’LuxTrust Authentifizéierung App, LuxTrust Mobile, vum App Store oder bei Google Play op e Smartphone erofzelueden.

Déi online Handhabung vun der Operatioun op den Internetsäite vun de jeeweilege Banken bleift am Prinzip onverännert.

D’Banken ginn Telefonsnummeren bezéiungsweis Kontaktadressen un, un déi sech de Bankclient wenne kann, falls en Hëllef braucht. Sollten trotzdeem Schwieregkeete bestoen, réit d’ULC de Verbraucher e Rendez-vous bei hirer Bank festzeleeën.

Matgedeelt vun der ULC

Dernières nouvelles