Carte Blanche: Eng Welt ouni Tubak

Haut ass de Weltdag ouni Tubak. A wärend ech dës Zeile schreiwen, kribbelt et mech an de Fanger. Ech wëll mir déi nächst Zigarett ustiechen, se schmaachen net emol. Mir ass wuel bewosst, datt d’Fëmmen ongesond ass a souguer déidlech ka sinn. Et geet eigentlech sou einfach un, dacks an der Schoul. Eng kannereg Muttprouf – traus de dech? Ma natierlech wëll een dozou gehéieren …

Et ass sou wéi bei allem, déi eng ekelen sech esou virum Geschmaach, datt si ni méi un d’Fëmmen denken. Anerer kréien de Wee opgemaach, an d’Longen zougepecht.

Ech bewonneren déi Leit, déi vun engem Dag op den aneren ophalen hirer gesondheetsschiedlecher Sucht nozegoen, et brauch een nämlech vill Kraaft. An Duerchhalverméigen.

Meng Mamm ass virun e puer Joer u Longekriibs verstuerwen, si huet net nëmmen de Kampf géint de Kriibs, mee och de Kampf géint den Tubak an hier Sucht verluer. A mir si. Dat mécht mech dacks rosen, och wann ech et verstinn.

Iergendwéi.

Et war e fuerchtbar qualvollen an onnëtzen Doud. Ech schumme mech scho bal zouzeginn, datt d’Zigarett och hire Wee bei mech fonnt huet, nodeems ech meng Famill kontaktéiert hunn. De Moment hat se eppes Berouegendes u sech, ouni den Nikotin wär ech op der Felg gedréit.

Och ech sinn deem dämpegen Doud scho puermol vun der Schëpp gesprongen, heiansdo war et nawell fënnef fir zwielef. Op d’Léiergeld waarden ech nach, mee et kënnt. Do sinn ech mir sécher!

Et seet ee jo, datt een aus Feeler léiert? Leider net ëmmer, ech waarden nach ëmmer drop. Mee wie weess, villäicht mécht et deemnächst Klick.

Hoffentlech net ze spéit.

Hoffen ass en Däiwelswierk, et ass besser ze gleewen. Selwer eppes ze veränneren. Deen e Mënsch sinn, deen den Ënnerscheed mécht.

Eng Welt ouni Tubak – dat ass e schéinen Dram. Mee ass en och realiséierbar? Oder just Wonschdenken?

Eng Welt oder e Liewen ouni Tubak senkt net nëmmen de Kriibsrisiko. D’Duerchbluddung gëtt besser, d’Liewensqualitéit erhéicht sech mat der Zäit drastesch. Et kann e mat senge Kanner Course lafen. Biergop goen. Laang d’Loft anhalen. An dat och fir eis Matmënschen ännert sech eppes un der Liewensqualitéit, si maachen sech manner Suergen. Ouni den Tubak schmaacht e besser, d’Trape maache keng Problemer – an e gutt Iessen schmaacht sécherlech nach besser ouni den Nikotin dono. D’Zigarett als Dessert.

Ech hunn d’Hoffnung nach net opginn. Fir eng besser Ëmwelt. Fir eng besser Gesondheet. A fir meng Mamm. Heiansdo soll een aus de Feeler vun anere léieren a mam gudde Beispill virgoen. Dorunner musse mir eis festhalen.

Dernières nouvelles