Streckeradar am Tunnel Markusbierg ab dem 1. Dezember aktiv

No enger Testphas, déi den 20. September 2021 ugefaangen huet, wäert de Streckeradar am Tunnel Markusbierg op der Saar-Autobunn (A13) ab dem 1. Dezember schaarf gestallt ginn. Op den 1,6 km vum Tunnel gëllt eng maximal Vitess vun 90 km/h, a souguer 70 km/h fir Camionen (ab 7,5 Tonnen) a Richtung Däitschland.

Nieft dem Streckeradar op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng ass dësen elo den Zweete vu senger Aart. Wéi gewinnt gëtt den Apparat mat Schëlter ugekënnegt. Dobäi rechent de Radar déi duerchschnëttlech Geschwindegkeet vum jeeweilege Gefier, erlaabt dobäi eng Toleranz vun 3 km/h, respektiv 3 % wann een ënner 100 km/h fiert.

D’Radaren am Generellen sollen en Deel zur Stroossesécherheet bäidroen. Ma, grad am Tunnel kënnen Accidenter uerg, jo souguer déidlech Konsequenze mat sech zéien. Duerch déi beschränkte Plaz kënne Fuerer net wierklech auswäichen. Och den Accès fir d’Rettungsdéngschter ass limitéiert.

Et sief och drop higewisen, datt d’Fotoen zwou Wochen nodeems de Protokoll bezuelt gouf, geläscht ginn. Do wou keng Geldstrof am Spill ass, gi se zwee Méint no der Opnam geläscht, wärend se bei engem Strofprozess behale ginn, bis zu deem Dag wou den Dossier definitiv klasséiert gëtt oder kee Recours méi méiglech ass.

Dernières nouvelles