CGDIS, ITM a Police: Grouss Übung am Tunnel Micheville

Fir e Sonndeg, den 12. Juni 2022 ass en Exercice Grandeur Nature am Tunnel Micheville um Belval geplangt.

A Kollaboratioun mat der ITM an der Police wäert d‘Stroossebauverwaltung, zesumme mam CGDIS Tester an Übungen duerchféieren, fir esou d‘Sécherheet am Tunnel am Fall vun engem Feier ze garantéieren. Esou wäert den Tunnel e Sonndeg vu 7 bis 13 Auer a béid Richtungen gespaart sinn.

Wien aus Richtung Frankräich kennt gëtt ab dem Echangeur Belval-Gare iwwert de Plateau Esch-Belval ëmgeleet. Hei sollt een de Schëlter „D1“ a Richtung Rond-point Raemerich nofueren. Kennt een aus der anerer Richtung, muss een der Signalisatioun „D2“ a Richtung Frankräich nofueren.

Tunnel Micheville

Dernières nouvelles