D’CovidCheck-App gouf ugepasst

Persounen déi e kompletten Impfschema vu manner wéi 180 Deeg hunn, hire Rappell kruten oder en aktuellen Zertifikat vun der Genesung hunn, musse beim 2G+ CovidCheck keen Schnelltest op der Plaz maachen. Deem entspriechend gouf och d’App CovidCheck.lu ugepasst.

An dësem Kader sollt d’App aktualiséiert ginn, esou fern den Handy dat net selwer mécht. Et gëtt zousätzlech geroden, d’App mam nationale System ze synchroniséieren. Dat geet an der App selwer duerch e Klick op d’Astellungen an dann „Synchroniser avec le systme national.“

Dernières nouvelles