Christo a Jeanne-Claude: D‘Verhüllung vum Reichstag

Am Verhüllen géif sech d‘Géigewaart vum Verbuergenen weisen, sou d’Kënschtlerkoppel Christo a Jeanne-Claude zu hire spezielle Projeten. Vu bekannte Gebaier a Monumenter, Objeten, Brécken a souguer ganzen Inselen hunn déi zwee Artisten sech dem Apake gewidmet. Mat dobäi war och de Berliner Reichstag.

Ganzer 20 Joer huet d‘Koppel dofir gekämpft, endlech dëst Gebai op der Plaz vun der Republik an der däitscher Haaptstad verhüllen ze dierfen. Schliisslech koum de 25. Februar 1994 den OK no enger Ofstëmmung am Bundestag.

Vum 24. Juni bis de 7. Juli 1995 hunn d‘Visiteuren an d‘Touristen net schlecht gestaunt. Insgesamt hunn 90 professionell Kloterer 109.400 Quadratmeter Aluminiumbedampft Polypropylengewebe iwwert de Reichstag lafe gelooss an de Stoff mat 15.600 Meter bloem Seel befestegt. 

Mee wat war de Sënn hannert der Aktioun? Zum engen sollt dat eis Bekannten anescht wouergeholl ginn. Et weess een, datt dat Verstoppten nach do ass, wann och an enger anerer Aart a Weis.

Zum aneren sollt den Interessi gesteigert ginn, wat sech hannert dem Stoff befënnt – änlech wéi et mat Kaddoen ass, wou ee gäre wësse well wat am Pak ass.

Froe stellen, staunen an d‘Realitéit erkennen waren natierlech och wichteg Aspekter, déi de Christo an d‘Jeanne-Claude faszinéiert hunn. Genau esou, wéi datt d‘Konscht kengem gehéiert a se vergänglech ass.

D‘Verhüllung vum Reichstag huet 15 Milliounen Dollar kascht a konnt weltwäit d‘Opmierksamkeet op sech zéien. Ëm 5 Millioune Visiteuren hu sech dat verpaakte Gebai zu Berlin ugekuckt.

Dernières nouvelles