Verlängerung vun der Kuerzaarbecht a weidere finanziellen Aiden

Bei der Pressekonferenz vu gëschter hunn d’Ministere Lex Delles, Georges Engel a Franz Fayot ugekënnegt, verschidde finanziell Hëllefe fir Betriber an Independanten bis Juni 2022 inclus ze verlängeren. Heizou gehéieren d’Kuerzaarbecht, d’Aide fir net gedeckte Käschten an d’Hëllef fir d’Relance vu Betriber am HORESCA-Secteur, dem Beräich vun den Evenementer, der Fräizäit a Kultur sou wéi dem Verkaf vun neie Gefierer.

Ma, gläichzäiteg gouf drop higewisen, datt een elo an de sougenannte „Phasing Out“ wéilt goen, also lues awer sécher déi temporär Hëllefen, déi am Kader vun der Pandemie opgestallt goufen, anzestellen.

Vu Mäerz bis Juni 2022 inclus gouf esou d’Kuerzaarbecht fir Betriber a vulnerabele Secteuren déi en Aarbechtserhalungsplang hunn, verlängert. Dofir dierfen allerdéngs keng nei Restriktiounen den 28. Februar decidéiert ginn.

Fir vum Chômage Partiel profitéieren ze kënnen, dierfen déi aarbechtsfräi Stonnen am Februar net 25% iwwert dem Total vun den normale Schaffstonne pro Mount leien. D’Ausname sinn d’Hotellerie an d’Eventbranche mat engem Taux vu 50%. Nuetsetablissementer leie bei 100%.

Fir Mäerz an Abrëll dierf de Wäert net iwwer 20% leien, an der Hotellerie 40%, wärend fir Mee a Juni 10%, respektiv 30% fir d’Hotellerie festgesat goufen.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie goufe 784 Milliounen Euro fir de Regimm vun der Kuerzaarbecht aus dem Fong fir Aarbecht zur Verfügung gestallt. Dës Zomm ënnerdeelt sech an 456 Millioune fir d’Kuerzaarbecht tëscht Mäerz a Juni 2020, esou wéi 328 Milliounen Euro Entschiedegunge fir Entreprisen ab Juli 2020.

A Saache Chômage géif een elo nees bei engem Taux vu 5,2% leien, wat dem Georges Engel no nees den Normalwäert vu virun der sanitärer Kris wier. Domat konnte sech d’Befierchtunge vun engem Wäert tëscht 6,8 a 7,7% vum STATEC net bestätegen. Heizou huet d’ADEM ervirgehuewen, datt een Enn 2021 e Rekord vun iwwer 10.000 fräien Aarbechtsplazen bestanen hätt.

Am Bezuch op d’Hëllef fir Entreprisen an Onofhängeger goufe säit dem Ufank vun der Pandemie 548 Milliounen Euro Hëllef zur Verfügung gestallt. Am Dezember 2020 gouf d’Aide fir net gedeckte Käschten an d’Aide vun der Relance lancéiert, ëmmer nees verlängert an ugepasst. Esou si beispillsweis am Dezember 2021 d’Subventioune vun Independanten a Salariéen vun 1.000€ op 1.250€ erhéicht ginn.

Fir och hei de „Phasing Out“ duerchzesetzen, fält dës Zomm fir Mäerz an Abrëll 2022 nees op 1.000€. Am Mee a Juni 2022 ginn et da just nach 500€. Dës weideren entfalen déi 250€ Hëllef pro Mount fir Aarbechter a Kuerzaarbecht.

D’Hëllef fir net gedeckte Käschten gëtt ab Mäerz 2022 just nach fir Hoteller a Campingen ugebueden. Dobäi gi 75% vun de Betriibskäschten berécksiichtegt.

Dernières nouvelles