Besser Versuergung fir Leit mat dréngenden Aenerkrankungen

Am Kader vun enger kontinuéierlecher Verbesserung vun der ophthalmologesche Versuergung huet de Gesondheetsministère am Averständnis mat der Direktioun vun den Hôpitaux Robert Schuman (HRS), der Direktioun vun Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL), der Direktion vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM), der Direktioun vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN), der Société Luxembourgeoise d’Ophtalmologie (SLO) esou wéi der Gesundheitsdirektioun vum Service National d’Ophtalmologie Spécialisée (SNOS), gouf beoptraagt Bereetschaftsdéngschtlinnen anzeriichten, déi eng optimal Versuergung vu Patienten mat dréngenden Aenerkrankungen erméiglechen.

De SNOS huet soumat d’Aufgab, den Bereetschaftsdéngscht am Beräich vun der Aenmedezin zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Fir d’Versuergung vu Patienten mat akuten Aenerkrankungen ze erliichteren, gouf een Organistatiounssystem mat zwou Regiounen agefouert.

U Wochendeeg vun 9 bis 19 Auer huet een Aendokter fir d’Regiounen Zentrum a Süden (HRS/CHL & CHEM) Déngscht. Fir den Norden ass et den ChdN. De Patient kann een vun dësen Dokteren direkt erreechen oder direkt a seng Praxis goen.

Nuets vun 19 bis 7 Auer, Weekends an d’Feierdeeg (am Dag) huet een Aendokter fir dat ganzt Land Déngscht. Wärend dësen Zäitspane kann ee Patient dat nächst Spidol kontaktéieren, wou hie bei een aneren, oder den Noutdokter verwise gëtt.

Weider Informatiounen, esou wéi d’Ëffnungszäite fannt dir hei.

Dernières nouvelles