D‘Fonctionnaire gi vum Verwaltungsgeriicht deboutéiert

Zanter dem 1. November, dierfen d‘Direktere vun den ëffentleche Verwaltungen (wéi Betriber aus dem Privatsecteur) fakultativ déi sougenannten 3G-Reegel asetzen. Ab Mëtt Januar gëtt datt dann obligatoresch, inklusiv dem erstelle vu Lëschte betreffend den Impfstatut vun de Salariéeën. Dat wollte Beamte beim Verwaltungsgeriicht a Fro stellen.

Fir et direkt gekläert ze hunn: jo d‘Gesondheetsministesch war Riichterin um Verwaltungsgeriicht a kennt do Leit, mee nee si huet sech net agemëscht och mat kengem Vertrieder vun dësem Geriicht zanter dem Ausbroch vun der Pandemie, iwwert de Covid19 a méiglech bis noutwenneg politesch Mesure geschwat. D‘Verwaltungsgeriicht ass, wéi all d‘Instanzen onofhängeg an onbeaflossbar.

Am Kontext vun der 3G-Reegel, ass jo virgesinn, datt nach just eng Persoun, déi geimpft, geheelt oder getest (zertifiéiert) ass, e Recht huet sech op senger Schaff opzehalen, respektiv Zougang zu dëser ze kréien. Dës Decisioun huet d‘Regierung missen ergräifen, well se engersäits kee Courage huet Entscheedungen ze treffen, an et anersäits Leit huet, déi dat mam „Choix“ net verstanen hunn.

Fir eng Rei Beamten (déi dann elo och op enger Lëscht stinn) war dës eesäiteg politesch Decisioun net an Aklang mat hirem Rechtsverständnes ze bréngen. Si hu géint dësen Agrëff an déi perséinlech Rechter virum Verwaltungsgeriicht geklot. Véier Fonctionnairen, deenen aus den de Zougang zur Schaff verwiert gouf, hunn elo vum Verwaltungsgeriicht erkläert kritt: De Patron huet hei Recht!

Eng Fro vun den Argumenter

D‘Argumentatioun vun de Kläger: si hätten duerch d‘Moossnamen zur Bekämpfung vum Covid19 ee Schued erlidden. Si géife Gefor lafen d‘Pai ëm bis zu 30% gekierzt ze kréien, an et kéint een elo esouguer behaapten, si géifen onentschëllegt op der Schaff feelen, wat dann an éischter Linn zu enger disziplinarescher Sanktioun an dann an der Finalitéit bis zur Kënnegung soll goen dierfen.

Vum Geriicht huet et gëschter geheescht, datt d‘Kloe vun de véier Beamten net recevabel ass. Dat stellt fest, datt de reklaméierte Schued net de réngen Ausschloss entstanen ass. Dofir bréicht da schonn eng weider Decisioun säitens der Verwaltung. En „tatsächleche Schued“ konnten d‘Riichter net feststellen. Si hunn och drop verwisen, datt nach aner Verfaren an der Leitung géifen hänken.

Et gëtt an dësem Kontext also nach ee sougenannt Haaptverfaren, an d‘Fonctionnaire missten sech elo gedëllegen, bis dëst mat engem Urteel senger juristescher Finalitéit zougedroe gëtt. Ausser de Männer an hire Roben, hunn sech nach d‘Gewerkschafte kuerz zu Wuert gemellt. Si bedaueren datt et och bannent der Justiz beim gesondem Mënscheverstand Defiziter huet. Op dat esou stëmmt?

Dernières nouvelles