Salon du Vintage 2021 – D’Vergaangenheet huet Zukunft!

De Weekend vum 4. a 5. Dezember 2021 vun 10 bis 19 Auer an der LuxExpo The Box

Den eenzegaartege Salon du Vintage lancéiert 2021 eng nei Aart a Weis fir Designer a Kreateuren vun de 60er bis an d’90er ze wierdegen. Ganzer 150 Aussteller wäerten de Visiteur glécklech maachen.

Et ass déi 4. Editioun vum Salon zu Lëtzebuerg. Proposéiert gëtt eng grouss europäesch Selektioun vun exigenten Händler, deenen Qualitéit, Authentizitéit a Passioun um Häerze leien an de Vintage an déi haiteg Zäit versetzen.

Salon du Vintage
© Salon du Vintage

Begleet gëtt d’Shoppingerliefnis, bei deem Vergaangenheet an Zukunft direkt matenee verbonne ginn, duerch eng ganz Playlist mat Musek aus de 70er. Ikonesch Stécker vun ënnert anerem dem Willy Rizzo, Verner Panton a Pierre Paulin, eenzegaarteg Wierker vu Chanel, Yves Saint Laurent a Louis Vuitton, oder och historesch Gefierer vu Porsche, Jaguar a Mustang ginn et ze bestaunen an ze kafen.

Weider Informatiounen zum Salon du Vintage an den Aussteller fannt Dir op www.salonduvintage.com.

Dernières nouvelles