Wanderausstellung „INSEKTEN – Superhelden a Gefor“

Bei dëser Expo sti kleng Liewewiesen mat enger ganz grousser Bedeitung, risegen Talenter a Fäegkeeten am Fokus. Duerch „INSEKTEN – Superhelden a Gefor“ kritt een net nëmmen d’Méiglechkeet déi kleng Krabbler ganz no ze gesinn, mee sech och iwwert hir Funktioun am Ekosystem an d’Problematik vum weltwäiten Insektestierwen ze informéieren.

Am Kader vum Projet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg – (een) Insekteräich“ hu sech déi dräi Naturparken zesummegedoen a mam naturmusée eng faszinéierend Wanderausstellung mat Informatiounstexter, Fotoen, interaktive Spillstatiounen, 3D-Modeller, Insektepreparater a passenden Aktivitéiten op d’Been gestallt.

Schüler aus dem Fondamental (Cycle 3 a 4), interesséiert Famillen an Erwuessener kréie vermëttelt, wat fir eng zentral Roll Insekte fir eisen Ekosystem hunn. Dobäi geet d’Aartevillfalt an d’Biomass un de klenge Krabbeldéiercher weltwäit rasant zeréck, wat zu enger immenser Erausfuerderung fir eis all gëtt.

Ma, ënnerdeelt a verschidden Theemeberäicher ginn d’Visiteure vu sechs „Superhelden-Insekten“ duerch d’Expo geleet. Dës ass iwwregens op Däitsch, kann awer iwwert d’App izi.TRAVEL och op Franséisch iwwersat ginn.

Wanderausstellung „INSEKTEN – Superhelden a Gefor“
© Caroline Martin

Fir interesséiert Schoulen

Nieft engem Handout mat verschidden aféierenden Informatiounen zur Expo, kënnen d’Schoulklassen hiert Wëssen ronderëm d’Insekten iwwert de sougenannten „Insektekoffer“ verdéiwen. Hei kënnen d’Schüler selwer Fuerscher spillen.

An de kommende Méint wäerten déi dräi Naturparken zuelräich Aktivitéiten mat Bezuch op d’Insekten ubidden. Heizou gehéiert beispillsweis de Bau vun engem Insektenhotel oder och e Workshop wéi en e klengen naturnoe Gaart ariichte kann.

Weider Informatiounen zur Wanderausstellung an den Aktivitéite fannt Dir op www.naturpark.lu.

Dernières nouvelles