Wien war da schonn an der Sonn?

De 27. Mee ass den Dag vun der Sonnecrème, dat heescht et ass offiziell – de Summer steet virun der Dier.

Et ass wichteg sech reegelméisseg anzecrèmen – wann d’Sonn intensiv schéngt, ass d’Gefor vun engem Sonnebrand riseg. An dee kann nawell gutt wéidoen.

Mat der Crème kënnt dir deem entgéintwierken, et ass eng wierklech einfach Manéier Sonnebrand ze evitéieren. Dobäi gëtt d’Haut virun den ultraviolette Strale geschützt – dës weidere gëtt den Hautkriibsrisiko miniméiert.

Heiansdo ass et schwéier den Iwwerbléck ze verléieren, et ginn ënnerschiddlech Produite fir déi verschiddenst Hauttyppen. Bei Onsécherheete wär et besser sech uerdentlech informéieren ze loossen. An och wann et immens entspanend ass, do ze leien an d’Sonn ze genéissen, denkt drun iech reegelméisseg anzecrèmen – a genuch ze drénken, oder emol Paus am Schiet ze maachen.

Dernières nouvelles