Besuch zu Wëntger: E Wollef gouf gesinn

Gëschter Moien géint 10 Auer huet en Automobilist am Raum Wëntger op engem Feld en hondsänlecht Déier gesinn, huet schnell eng Foto gemaach an dës der Naturverwaltung geschéckt. Säi Verdacht, datt et sech ëm e Wollef géif handelen, konnt vun Experte bestätegt ginn.

No engem éischten eis bekannte Besuch 1893, war och 2017 am Raum Holzem-Garnech an 2020 am Raum Nidderaanwen e Wollef entdeckt ginn. Am Mee lescht Joer gouf zousätzlech en doudegt Schof fonnt, wat vun engem Raubdéier gerass gouf. Deemools konnt den Isegrim net bestätegt, awer och net ausgeschloss ginn.

Anescht war et am November 2021 zu Bourcy an der Belsch, wou eendeiteg bewise konnt ginn, datt e Wollef e Schof gerass huet. Iwwregens gouf gëschter Moien, gutt annerhallef Stonn virun der Siichtung zu Wëntger och am belschen Duerf e Wollef erbléckt. Esou kann een dovunner ausgoen, datt et sech ëm dat selwecht Déier handelt.

Datt de Wollef zeréck an eiser Géigend ass, an dat mat héijer Warscheinlechkeet souguer am Ruddel, weist eng Entdeckung vum leschte Joer. Deemools goufen am Hohen Venn neigebuere Wëllef fonnt. E weidert Déier aus dem Raum Troyes ass Ufank Januar un déi belsch Grenz gewandert, ëm 40 Kilometer vun Déifferdeng fort.

An dësem Kader weist d’Naturverwaltung drop hin, datt Hiweiser op d’Presenz vum Wollef iwwert wolf@anf.etat.lu matgedeelt solle ginn. Et sief drun erënnert, datt de Wollef a ganz Europa geschützt ass. D’Déiere meide generell den direkte Kontakt zum Mënsch.

An der Info-Broschür „Wölfe in Luxemburg?“ fënnt een zuelräich Informatiounen iwwert de Wollef, sou wéi Verhalensreegeln, falls en dann dach emol méi virwëtzeg ass an eis no kënnt. Dës Broschür kann ee gratis bei der Naturverwaltung bestellen (Tel.: 40 22 01-1) an och an den Zentren Mirador (Stengefort), Ellergrond (Esch-Uelzecht), Biodiversum (Rëmerschen) a Buerfelt (Ënsber) kréien.

Annexe:

Dernières nouvelles