Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
International Neiegkeeten Stories

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
International Neiegkeeten Stories

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)

Kompletten Truppenofzuch géint d‘Éierewuert vun de radikalislameschen Taliban sech ze besseren

D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)
D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)
D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)
D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)
D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)
D‘Amerikaner verloossen Afghanistan (Analys)
© Office of The State Secretary (US)

Et ass schonn en historesche Schratt deen d‘Amerikaner mat den Taliban gëschter zu Doha (Katar) gemaach hunn, andeems si en Ofkommes „iwwer Weeër zum Fridden“ beschloss hunn. Elo muss et nach zu Friddensverhandlunge mat der afghanescher Regierung kommen, wat komplizéiert ass.

Annerhalleft Joer laang huet et gedauert, bis et zum Rapprochement tëscht den USA an den Taliban komme konnt. Eng éischt grouss Hürd schéngt elo iwwerwonnen. Mam „Deal vun Doha“ kann den Donald Trump seng Zaldoten ofzéien, well d‘Taliban mat hirer Ënnerschrëft déi gefuerdert Garantie ginn hunn, den Terroristen entgéint ze trieden a mat der Regierung vu Kabul ze verhandelen.

Laut der gemeinsamer Erklärung, soll elo an engem éischte Schratt en Drëttel vun den Truppe kuerzfristeg aus Afghanistan ofgezu ginn. Bannent 135 Deeg soll d‘Unzuel vun US-Zaldoten, vun elo ronn 13.000 op 8.600 reduzéiert ginn. Zäitgläich schaffen d‘USA mat der NATO an aneren Alliéierten un enger Léisung, déi „international Presenz“ proportional zu den USA ze verréngeren.

TalibanEt ass dat awer eréischt een éischte Schratt an et handelt sech beim Ofkommes vun Doha och net ëm ee Friddensvertrag am klassesche Sënn. Dat ass dem Fait geschëlt, datt eng Konfliktpartei, an dat ass an dësem Fall d‘Regierung zu Kabul, net mat um Verhandlungsdësch gesiess ass. Wichteg sinn hei ee landeswäiten an nohaltege Waffestëllstand an d‘Verdeelung vun der politescher Muecht.

Wéi awer kann een d‘Taliban politesch an en demokratescht Afghanistan aglidderen? Eigentlech guer net, firwat déi eigentlech Friddensgespréicher nach ustinn a sech entspriechend komplizéiert ukënnegen. Éischt Resultater ginn sech hei net virun 2021 erwaart, firwat och den integralen Ofzuch vun den US- an NATO-Truppen aus Afghanistan sech nach ee puer Joer wäert hinzéien.

Ofkommes stäerkt d‘Taliban am Kampf ëm d‘Muecht

Eng Ënnerschrëft awer hunn d‘Taliban net nëmmen zu Doha geleescht. Si hunn och zu Kabul mat der Regierung en Ofkommes iwwert „Gespréicher“ ënnerzeechent. En Enn vun der US-Presenz am Land bedeit dat nach net, dofir mussen d‘Taliban elo emol fir unzefänke beweisen, dat si sech un hir Vereenbarung halen. Déi radikalislamesch Taliban hunn also eng „Missioun“ déi net einfach ass.

Am „Deal“ ass sech drop verstännegt ginn, datt d‘Taliban et zukünfteg net méi dierfen zouloossen, datt international aktiv Terrororganisatioune vun Afghanistan operéieren dierfen. Explizit genannt ginn al-Quaida an den Islamesche Staat (vun deem d‘USA jo behaapten, datt si dësen ausgeschalt hätten). Zu der Gewalt déi vun den Taliban selwer ausgeet, gouf am Ofkommes näischt notéiert.

TalibanDofir gëtt sech vill vun de Gespréicher, déi scho bannent den nächste 14 Deeg tëscht Regierung an Taliban solle stattfannen, versprach. Ob et do schonn zu engem ëmfaassende Waffestëllstand ka komme léist sech nach net behaapten, et herrscht awer elo nom Treffen am Katar méi Zouversiicht. D‘USA hunn entspriechend Konzessioune gemaach an esou dierfen d‘Taliban hir Waffe behalen.

Si bleiwen domatter awer eng „militäresch Muecht“ an kënne weiderhin zolidd Drock op Kabul ausüben. Den Deal verléint den Taliban dann och nach „politesch Legitimitéit“, wat sech och aus der „Form vun der Ënnerschrëft“ déi d‘Taliban geleescht hunn ofleede léisst. Ënnerzeechent hunn d‘Taliban d‘Ofkommes mat: Islamesch Republik Afghanistan. Allerdéngs ass de Numm net nei.

Eng „islamesch“ Natioun wou d‘Sharia Gesetz ass

Mat „Islamesch Republik Afghanistan“ haten d‘Taliban schonn hir Herrschaft 2001 bezeechent, also iert d‘Amerikaner an d‘NATO decidéiert haten, datt net d‘Afghanen iwwert hiert Schicksal ze bestëmmen hunn, mee d‘Land eng Demokratie no westlechem, méiglechst amerikaneschem, Muster soll operluecht kréien. Firwat hätt ee soss d‘Taliban am Kampf géint d‘Russe bewaffent?

Elo behaapten sech d‘Amerikaner awer drop, datt si d‘Taliban net als „Staat“ oder „Natioun“ géifen unerkennen. Datt déi awer d‘Bezeechnung „Islamesch Republik“ duerchgesat kruten, ass schonn en Zeechen an et stäerkt kloer d‘Positioun vun den Taliban. A wann et Zouversiicht gëtt, wat den Deel „Friddensverhandlung“ betrëfft, esou geet et fir d‘Mënschen am Land och ëm Recht a Fräiheet.

TalibanWien da mengt, datt et dank dësem Ofkommes och den Afghane wäert besser goen, dee sollt séier mat de Féiss op de Buedem kommen. Mënscherechter, d‘Stellung vun de Fraen an/oder de Minoritéiten am Land, hu fir d‘Taliban eng ganz aner Wäertegkeet. Am direkte Verglach dozou wierkt Saudiarabien direkt „ziviliséiert“. Et dierf een also gespaant sinn, wat d‘Zukunft bréngt…

mam Raissa Hamdi/indymedia London

Foto: © Office of The State Secretary (US)

Ähnlech Sujeten Afghanistan, Donald Trump, Friddenserklärung, Friddensverhandlungen, Mike Pompeo, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel