Search

You may also like

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren
Neiegkeeten

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren

Dat Gestreits ëm alles wat vun no a wäit mat

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!
Neiegkeeten

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg huet méi ewéi 19.200 Jugendbicher an däitscher,

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech
Neiegkeeten

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mëttlerweil gëtt et Mondschutzflicht an de Butteker an iwwerall wou

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen

Wéi Dir wësst, setzt sech d’Amicale des Anciens de Tambow fir d’Net-Vergiessen an un déi iwwer 1.000 Lëtzebuerger Jongen, déi tëscht 1943 a 1945 am Lager 188 zu Tambow an zu Kirsanov internéiert waren, a speziell un déi, déi leider net mat zréckkoumen.

Eis Amicale, als ASBL 1958 gegrënnt, zielt nach eng 11 Zäitzeien an eng 340 Memberen (Witfraen a Familljememberen aus der 2. an 3. Generatioun). Dank der Lëscht vum Metti SCHOLER, deemools am Lager selwer opgestallt, haten d’“Tambower” ëmmer eng Basis, déi hinnen erlaabt huet, hir Komeroden nom Krich an der “Amicale des Anciens de Tambov” zesummenzeschléissen.

D’Amicale huet sech no hirer Grënnung onermiddlech fir d’Cause vun hire Jongen agesat a speziell fir d’Unerkennung vun den Enrôlés de Force als Krichs- a Naziaffer, dëst och zesumme mat der FEDEF, an där eis Amicale als eegestänneg Associatioun Member ass.

Niewent de Joresversammlunge vun den Tambower am November huet eis Associatioun, ënnert dem Impuls vun hire Presidente Metti SCHOLER a Gast JUNCK, d’Relatioun oprechterhale mat den Associations des Malgré Nous  aus Lothringen an dem Elsass, wei och de Kontakt mat den Tambower Autoritéite selwer gesicht. Éischt Camione mat Hëllefsgidder op Tambow huet de Gast JUNCK selwer organiséiert a begleet.

Vun den 1980er Joren un sinn doraus Reese mat Zäitzeie ginn, d’Relatioune mat der Regioun Tambow hunn sech verdéift, an d’Amicale huet sech bei der Lëtzebuerger Regierung derfir agesat, dass eis Lëtzebuerger Jongen en eegent Monument zu Tambow kriten. Dëse Wonsch ass dunn 2012 Realitéit gi an de Premier Jean-Claude JUNCKER hat drop gehalen, bei der Aweiung selwer present ze sinn.

Och de Premier Xavier BETTEL huet sech fir d’Cause vun de Lëtzebuerger Jongen zu Tambow agesat, a speziell, dass, no jorelaange Nofroen, 2017 hir perséinlech Akte vun de russeschen Autoritéiten zougänglech goufen, a mir déi éischt Akten op der d’Visitt mat dem Premier zu Moskau an Tambow am Oktober 2017, a Presenz vum Zäitzeie Jean-Pierre Dohm, iwwerreecht kruten.

Des weideren huet d’Amicale mat den Zäitzeien Dokumenter an Interviewen nogezeechent an ass a Schoule gaangen, fir eiser Jugend dëst weiderzevermëttelen. Och sti mir mat de Responsabele vun de Muséeën (z. B. zu Dikrech, zu Ettelbréck, zu Esch, zu Hagondange) a Kontakt, mat jonken Historiker an och der Uni Lëtzebuerg fir eisen Travail de Mémoire.

De 5. November 2020 sinn et genau 75 Joer, dass de groussen Transport vun Tambow an der Gare zu Lëtzebuerg ukoum.

Wéi schonns viru 5 Joer, plangt d’Amicale de 5. November 2020 eng Gedenkzeremonie mat Usprooche vun den Autoritéiten (Chamberspresident, Premier Minister…) beim Monument aux Morts an der Gare zu Lëtzebuerg um 15.00 Auer. Uschléissend wär d’Aweiung vun enger spezieller Ausstellung zum Lager 188 – Tambow an de Verrièrë vun der Gare a Partenariat mat de CFL.

Weider Aktioune fanne schonns Enn Oktober statt, an zwar:

  • Ab dem 23.10. fiert eng Lokomotiv duerch d’Land mat engem Banner “75 Joer zréck an d’Heemecht”
  • Eng Rous mam Numm “Ons Tambower Jongen” wäert geplanzt ginn, a Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Rousefrënn.

Weider Detailer kommen no.

Des weideren hu mir virgesinn, eng iwwerschafften Editioun vun der Broschür erauszeginn, déi mir virun 10 Joer mam deemolege CDREF zesummen ausgeschafft haten an déi als N° spécial vun “Les Cahiers du CDREF” erschénge war.

Dat ass ëmsou méi wichteg, well dës Broschüren un d’Schüler, déi op Hollerech koumen, verdeelt goufen an d’Broschür am Moment vergraff ass.

Wann eng Rei vun Texter och einfach iwwerholl gi sollen, wäerten eng ganz Rei vun Erweiderunge beim Volet Zäitzeien, Zeie vun der zweeter Generatioun derbäi kommen oder ergänzt ginn. Mir wäerten och op eis Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, eis Kontakter zou de Muséeën, eis Kontakter zum Elsass an zu Lothringen, zu der russescher Federatioun (Ambassade a Centre culturel et scientifique) zou der Press agoen.

Well haut des Daags d’Kommunikatioun virun allem iwwert d’Bild funktionéiert, wëlle mer och onbedéngt eng DVD oder en USB-Stick (oder béides) an d’Buch leeën. Op deem Support wieren da Fotoen, Filmer, d’Ausstellung vu virun 10 Joer…

Matgedeelt vu der Amicale des Anciens de Tambow

Opmaacherbild: © Florian Van Duyn / Unsplash

Related topics 75 Joer, Amicale des Anciens de Tambow, Broschür, CFL, Commemoratiounsdag, FEDEF, Lager, Retour, Tambower Jongen, Uni.lu, Zäitzeien, Zweete Weltkrich
Next post Previous post