Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn de Journalist ëmbruecht!
Neiegkeeten

Si hunn de Journalist ëmbruecht!

E Samschdeg huet Saudiarabien zouginn dat de saudesche Journalist, Jamal

surprise
Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen
Neiegkeeten

Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen

Um Dënschdeg hunn den David Wagner an de Justin Turpel

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält
Neiegkeeten

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält

Datt den amerikanesche President sech fir dat Gréisst vun der

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Et waart een nach op konkret Resultater aus Däitschland

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier Tester mam Taser. Engem éischte Medienecho no sinn do d’Erfarunge bis elo positiv. E Rapport ass awer nach net eraus. Genau dee wëll een hei zu Lëtzebuerg ofwaarden, iert een eng Decisioun hëlt. Dëst léisst den Etienne Schneider (LSAP), Minister fir bannescht Sécherheet, a senger Äntwert op eng parlamentaresch Ufro vun den CSV-Deputéierten Marc Spaut a Léon Gloden duerchblécken.

Den Etienne Schneider erkläert, datt all Waff seng Vir- an Nodeeler hätt. Esou géif den Taser scho vun der Spezialeenheet agesat ginn, mee beim “normale” Polizist misst een sech nach aner Froe stellen. Esou stinn de Polizisten elo schonn aner net déidlech Waffen zur Verfügung. Den Tonfa an de Pefferspray wieren hei wierksam Waffen, déi och eng uerdentlech Ausbildung bei de Beamte viraussetze géifen. Dat erkläert, firwat eng Aféierung vum Taser e groussen Opwand géing duerstellen. Esou misst een och bei dëser Waff d’Polizisten deementspriechend ausbilden.

Eng weider Waff kéint d’Liewe vun de Polizisten och méi komplizéiert maachen

Dobäi kéim, datt d’Plaz um Rimm vum Polizist begrenzt ass. Elo schonn fënnt een do d’Pistoul plus zweete Chargeur, Pefferspray, en Tonfa, Handschellen, eng Täscheluucht an de Funkapparat. Wann elo eng weider Waff dobäi kënnt, misst de Polizist am Feld bei all Situatioun decidéieren, wéi eng vun deene 4 Waffen elo agesat soll ginn. Dobäi misst ofgeschätzt ginn, op den Asaz vun der Situatioun hier a legal ugemooss wier.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Léon Gloden, Lëtzebuerg, Marc Spautz, Police, Sécherheet, Taser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel