Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten
Neiegkeeten

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Facebook huet sech, unhand enger selwer provozéierter Polemik, um Mëttwoch

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

Besonnesch um éischten Dag vum Abrëll muss een immens virsiichteg

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan
Neiegkeeten

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan

Um Donneschdeg huet Washington ugekënnegt, d’Iwwerweisung vun honnerte Milliounen u

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef wëlle Schwäin an der Belsch, no un eiser Grenz, konnt nogewise ginn, huet den nationalen Task Force, mam Landwirtschaftsminister an Zoustännege fir de Konsumenteschutz Fernand Etgen (DP), sech mam Landwirtschaftsministère zesumme fonnt.

D’Grondsätzlech Prioritéit ass, d’Kontaminatioun vun den domestikéierte Schwäin ze vermeiden. Heifir goufen, mat Récksprooch vun allen Acteuren, zousätzlech Mesuren an Weeër geleet:

  • Iwwerwaachte Sécherheetszonen, déi den Norden duerch Autobunn A6 vu Stengefort an Staat agrenzen, am Oste fir d‘A4 vun der Staat bis op Esch/Uelzecht a bei den belschen a franséisch Grenzen.
  • An dësen Zonen ass d’Juegd erlaabt
  • D’Aktiv Sich no wëll Schwäin’s Kadavere gouf ageleet
  • Rappell un d‘Landwirt fir d’Reegele vun der Biosécherheet ze respektéieren. Eng Reunioun zur Informatioun vu Schwéngsziichter ass den 27. September 2018.
  • Eng Reaktivéierung an normgerecht Ausféierung vun de Sammelstelle vum Wëld
  • Obligatorescht Ofstelle vun den domestikéierte Schwäin an den iwwerwaachten Zonen

De Landwirtschaftsminister preziséiert, datt dës Moossname provisoresch sinn an, jee no Verlaf vun der Situatioun, ausser Kraaft kënnen trieden oder verstäerkt ginn. Den Task Force bléift aktiv an muss sech zu all Moment zesumme fannen, wa Situatioun et verlaangt.

Doniewent bléiwen déi Lëtzebuergesch, europäesch, belsch a franséisch Autoritéiten a permanentem Kontakt fir d’Ausbreedung vum Virus ënnert Kontroll ze bréngen.

Fir d’Jeeër a Bëschbesëtzer ginn et vun der Naturverwaltung speziell Reunioune fir iwwer viraussiichtlech Prozedure vun de Kadaveren ze informéieren.

Keng Gefor fir Léif a Séil

De Fernand Etgen ënnersträicht, datt bis elo nach kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht an eisem Land bekannt ass. De Minister erënnert och drun, datt den Virus wëll an domestikéiert Schwäi befale kann, mee kee Risk fir de Mënsch opweist, souguer bei der Consommatioun vum kontaminéierte Fleesch.

De Virus gëtt duerch direkte Kontakt vun den Déieren iwwerdro, wéi och op indirekt Aart a Weis duerch Iessensreschter vum kontaminéierte Schwéngefleesch. Deemno mussen all Iessensreschter esou entsuergt ginn, datt se net a Kontakt mat de Schwäi kënne kommen.

Momentan gëtt et nach keen Impfstoff géint de Virus. Dëst kann schwéier ekonomesch Konsequenze mat sech bréngen, wann d’Krankheet an eiser Regioun optrëtt. Et ass also wichteg wuechtsam ze bléiwe fir d’Ausbreedung vum Virus an de Risk fir éise Wëldbestand esou geréng wei méiglech ze halen.

All Fonnt vu Schwéngskadaver ouni däitlech Doudesursaach soll um Telefonsnummer 40 22 01-666 (Naturverwaltung) gemellt ginn.

Foto: De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen preziséiert, datt dës Moossname provisoresch sinn. © sip/MAVPC

Ähnlech Sujeten Fernand Etgen, Landwirtschaftsministère, Schwéngspescht, Task Force
Nächsten Artikel Virrechten Artikel