Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Neiegkeeten

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der

money
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

dislike
Benjamin Netanjahu: „Den Iran huet eng rout Linn Iwwerschratt!“
Neiegkeeten

Benjamin Netanjahu: „Den Iran huet eng rout Linn Iwwerschratt!“

Israel schéngt et op en offene Schlagaustausch mam Iran unzeleeën

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!

Déi eng freeë sech, déi aner manner: t’ass Schoulrentrée. Ab e Méindeg heescht et fir d’Kanner an d’Jugendlecher nees fréi opstoen. Schliisslech start een neit Joer an der Schoul. Ee Grond méi, fir schonn um Wee dohinner virsiichteg ze sinn an déi wesentlech Verkéiersreegelen ze befollegen.

Fir d’Schoulrentrée um 16. September wäert d’Police, virun allem ëm d’Schoulen, verstäerkt am Asaz sinn. Dobäi sti si den Enseignanten an Eltere gären zur Verfügung, féieren awer och Kontrollen duerch. Wie beispillsweis net ugestréckt ass oder och falsch stationéiert, dee muss mat engem Protokoll rechnen.

Generell gëllt, sech un de Code de la Route ze halen a besonnesch gutt op Foussgänger opzepassen. D’Police gëtt den Elteren, Kanner an Automobilisten e puer Rotschléi mat:

  • D’Eltere solle schonn am viraus e puer Mol de Wee bei d’Schoul mat hirem Kand gemaach hunn an et op eventuell Risiken opmierksam maachen. Dobäi sollt ee selwer ëmmer als gutt Virbild ervir goen, d’Vitesse anhalen, d’Parkverbueter respektéieren a säi Sécherheetsgurt uleeën.
  • Passt op, datt d’Kand ëmmer zur Säit vum Trottoir aus dem Auto klëmmt, gutt siichtbar ass an den Zebrasträif benotzt. Wie säi Kand mam Vëlo an d’Schoul bréngt, dee soll op kee Fall den Helm vergiessen.
  • D’Kanner selwer sollten ëmmer um Trottoir trëppelen an, wa méiglech, mat eelere Kanner bei de vill befuere Stroossen ënnerwee sinn.
  • Vill Kanner a Jugendlecher kennen d’Geforen op de Stroossen nach net. Dofir sollten och d’Automobilisten opmierksam sinn, d’Vitesse upassen a bei den Zebrasträife léiwer zwee Mol hikucken.
Schoulrentrée

© Police Grand-Ducale

Esou kann et goen

Wie sech virun engem Passage fir Foussgänger/Vëloe parkt, dee ka gären emol 145 E an 2 Punkte lassginn. Léisst een ee Foussgänger net beim Zebrasträif iwwert d’Strooss a gëtt erwëscht, muss een 49 € blechen. Sollt Äert Kand tëscht 3 a 17 Joer jonk sinn a manner wéi 150 cm grouss sinn, awer net am Stillche sëtzen, da sinn 145 € an 2 Punkte fälleg.

Weider Detailer heizou ginn et ënnert police.public.lu.

D’Redaktioun vu Moien.lu wënscht de Kanner ee schéint Schouljoer!

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cours, Educatioun, Kanner, Opgepasst, Police, Schoulrentree, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel