Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Sozial Visioun fir Europa
Auto Neiegkeeten

Eng Sozial Visioun fir Europa

Viru kuerzem hat den „SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg“ an d‘LSAP-Fraktioun zu enger

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert
Auto Neiegkeeten

De Coronavirus an d’Gesondheetsmedezin – Wann Angscht dominéiert

Et soll e bei den Dokter goen. Ma et soll

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!
Auto Neiegkeeten

What the Fakt – Salut Darwin, Moien Evolutioun!

Mat senge Fuerschungen huet den Charles Darwin ee groussen Deel

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…

Eigentlech déi richteg Moossnam, mee wéi esou oft et ass net alles Gëlle wat blénkt

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…

Laut dem Mobilitéitsminister gëtt ab dem 1. Mäerz 2020 d‘Miessung vun den Ofgaser bei de Gefierer méi prezis, firwat et dann „Enn mam Gefuddels“ ass. Dat awer géif sech an der Konsequenz och entspriechend op d‘Autombilstax auswierken. D‘Garagisten si „begeeschtert“.

No der Annonce, datt et ab 2020 méi deier op der Pompel gëtt, elo dann och méi héich Taxen op den Auto? Net zwéngend, well wien en ofgasaarmt Gefier säin eegen nennt, soll jo da besser gestallt ginn. Fir dann awer de Prinzip vum „Pollueur – Payeur“ gerecht ëmzesetzen, soll dann zum 1. Mäerz eng nei Norm zur Miessung vun den effektive CO²-Emissiounen agefouert ginn.

Interessant: de Minister François Bausch huet direkt vun Ufank un gesot, datt dat alles keen direkte Lie mat de Mesuren hätt, déi ugewannt gi fir dem Klimawandel ze begéinen. Hei wier et éischter eng Äntwert op den „Dieselgate“ dee vu Volkswon 2015 ausgeléist ginn ass. Et wier, esou de Minister, net méi hinzehuelen, datt déi Wäerter, déi d‘Hiersteller an hire Katalogen uginn, esou guer näischt mat der Realitéit ze dinn huet, egal op et ëm de Verbrauch oder d‘CO²-Emissioune geet.

De Realitéite Rechnung droen

Bei „Variatiounen“, déi laut dem Minister bis zu 20% oder esouguer 25% tëscht deenen alen an den neie Miessungen ausmaachen. Wieren déi vun der Automobilindustrie virgeluechten Zuele stëmmeg kéint sech de Konsument beim Kaf vun engem neie Gefier wiesentlech besser orientéieren. Dat bedeit awer och, datt wann d‘Gefierer ënner falsche Viraussetzunge verkaf ginn, dat beim erhiewe vun der Tax „corrigéiert“ gëtt. Dat heescht dann awer och, datt sech un der Formel näischt ännert.

Ganz wichteg ze wëssen: all d‘Gefierer déi virum 1. Mäerz ugemellt goufen, ginn nach no den alen Normen „taxéiert“. Zudeem huet de Minister och den Datum net einfach esou ausgewielt. Hien hätt de Stéchdatum esou gewielt, fir de Garagisten d‘Chance ze ginn, nach hiren ale Stock u Gefierer beim Autofestival un de Mann, respektiv d‘Fra ze bréngen. Dat nennt ee wuel Flexibilitéit.

An der „Branche“ ramouert et

Datt esou „onpopulär“ Ukënnegungen net nëmmen dem Automobilist op de Mo schloen, mee och bei de Garagisten op wéineg Géigeléift stéisst, verständlech. Woubäi dës Handlaanger vun der Automobilindustrie sech mat der eegener Nues huele sollten. Déi nei Norm WLTP (World Harmonised Light Vehicles Procedure) déi d‘Norm NEDC (New European Driving Cycle) ofléist ass vun der EU-Kommissioun agefouert ginn, a gëtt an Däitschland zanter 2018 och esou ëmgesat.

Wann dann d‘Garagisten, déi sech am „Haus vum Automobil“ vereenegt sinn sech elo opreegen, dann ass dat wuel hiert gutt Recht, beweist awer och datt si schwéier vu Begrëff sinn. Si woussten datt dës nei Norm zur Uwennung géif kommen. Si woussten och datt si wäerte genéidegt sinn den duebelen Affichage – also de Verglach tëscht de genannten Normen – ze praktizéieren.

Eigentlech géif et eng ganz einfach Léisung

Datt et – egal op Erhéijung vun den Accisen, oder Neiberechnung vun der Autostax – näischt um Klima ännert, wann ee Mesuren ergräift, déi un den effektiven Emissioune glat a guer näischt änneren, dat sollt eis alleguerte bewosst sinn. Et geet jo beim Klimaplang och an haaptsächlech dorëms, den Ausstouss un Zäregaser ze reduzéieren, a béid Virstéiss vun der Regierung loossen net erkennen datt et dozou ka kommen. Bis ewell gëtt nëmmen iwwer „Finanze“ geschwat.

Lëtzebuerg ass kee grousst Land, an et kéint ee mengen, ugesiichts de gültege Verkéiersregelen, datt ee genee esou séier mat engem Ofgasaarmen, wéi mat enger Bensinsschleider, vun engem Wupp zum anere kënnt. An D‘Vakanz geet de Lëtzebuerger bekanntlech mam Avion… Firwat dann net de Courage hunn, an ee maximale Grenzwäert fir d‘Immatrikulatioun festleeën?

Foto: tobias / Pixabay

Ähnlech Sujeten Auto, Autostaxen, CO²-Emissiounen, Garagisten, Ofgaser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel