Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten
Neiegkeeten

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten

Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz

love
Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
Neiegkeeten

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
Neiegkeeten

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan

Se war gutt gemengt, mee et ass nach net wierklech dat gielt vum Ee. Rieds ass vun der Reform vum Taxi-Secteur. D’Kontrollen (administrativ a strofrechtlech) si besser ginn, a wou et néideg war ass och duerchgegraff ginn. D’Clienten hu wuel och méi Rechter, mee et ass een nach wäit ewech vun der idealer Situatioun.

Elo huet sech de François Bausch virgeholl, der nächster Regierung de Wee fräi ze maachen, fir déi entspriechend Korrekture virzehuelen. Dem Nohaltegkeetsminister säi Wonsch war et, e gudde Service zu engem faire Präis ze bidden. De Service gëtt allegemeng net a Fro gestallt, wuel awer de Präis.

Deen ass a véier Joer ëm 11% an d’Luucht gaangen, an fir de Minister gëtt et keen ersiichtleche Grond. Hie begrënnt dat domatter, datt d’Betribskäschte vun den Entreprisen am gläichen Zäitraum, laut enger Simulatioun, nëmmen ëm 3,2% gewuess sinn.

Am gläichen Zäitraum awer wier d’Passagéieropkommes um Findel ëm 30% an d’Luucht gaangen, et hätt 500.000 Iwwernuechtunge méi ginn, an och d’Eisebunn befërdert 200.000 Leit méi wéi nach viru 4 Joer. De François Bausch ass deemno der Meenung, datt et den Entreprisen net un Aarebcht dierft feelen.

Grouss Botz

Mat der Reform sinn d’Tariffer liberaliséiert ginn an am Secteur war d’grouss Botz gemaach ginn. Wien ouni Lizenz ënnerwee war, ass aus dem verkéier gezu ginn. An och d’Gemengelizenze waren ofgeschaaft ginn. Elo ass alles eppes méi Transparent: den Tarif fir en Tour mam Taxi muss ausgehaange ginn (bannen a baussent dem Taxi). Och méi einfach: de Client dierf sech säin Taxi (och an der File) fräi aussichen.

Um Beispill vun der Escher Gare, erkläert de Jean-Paul Maas, deen um Ministère vir den Taxi-Secteur zoustänneg ass, datt d’Reform derzou bäigedroen huet, datt d’Offer méi grouss ginn ass. Hei kéint de Client d’Konkurrenz spille loossen.

Bei Ënnerscheeder vun Iwwer 10 Euro am Tarif ass déi fräi Auswiel e wichtege Kritär. Esou kann de Client och matten an der File an en Taxi klammen, wann den affichéierte Präis him „besser gefält“. Mee de Präis eleng mécht en Tour mam Taxi net aus.

Den Taxichauffer ass iwwregens nach ëmmer gehalen de kierzte Wee ze huelen. An hei huet de Jean-Paul Maas och Droleges erlieft. Esou hätt sech eng Dame beschwéiert, datt hiren Taxi 36 Kilometer gefuer ass, wou den Trajet der awer nëmmen 22 laang wier.

Net de beschte Bilan

A well de Minister, wéi beim Vote 2016 versprach, de Bilan vun der Reform virgeluecht huet, muss ee sech deen och ukucken. Dorausser geet dann ervir, datt d’Zuel vun de Reklamatioune vill ze héich ass, géintiwwer der Zuel vun deenen déi uginn den Taxi ze notzen. 52% vun de Residente benotzen den Taxi guer net, seet d’Ilres.

Wat d’Reklamatioune betrëfft, esou sinn et der 273 ginn, déi zréckbehale goufen. En Drëttel dovunner huet de Behuel vum Chauffer a Fro gestallt. D’Majoritéit awer huet sech iwwert den Trajet oder eng ze héich Tarifikatioun beschwéiert. 279 Protokoller si verdeelt ginn, wouvunner der vill wéinst falschem parken, awer och wéinst ongültege Lizenzen an improviséierten Taxien.

Esou dierf ee feststellen, datt d’Offer villfälteg ginn ass, et Operateure gëtt déi ganz innovativ sinn, an de Client géintiwwer fréier, däitlech am Virdeel ass. D’Informatioun vir de Client wier besser ginn a d’Lizenzen „null Ausstouss“ wieren e vollen Erfolleg.

Net esou gutt, de Fait, datt d’Präisser geklomme sinn an d’Waardenzäiten am Zentrum ze laang sinn. Heivunner besonnesch betraff, déi Entreprisen, déi ee gënschtege Service ubidden. An dësem Kontext gëtt dann och driwwer nogeduecht, déi regional Gebidder zugonschte vun enger nationaler Zon opzeginn.

Weider Moossnamen déi dem Ministère virschwiewen, sinn d’Erhéijung vun der Zuel u „propperen“ Taxien, d’Upassung un den digitalen Zäitalter, d’Stäerkung vun de Konsumenterechter, an eng verbessert Kontrollinstanz. Op et dem François Bausch geléngt d’Entreprisen aus dem Secteur ze iwwerzeegen, ass dann elo awer nach net gewosst.

Ähnlech Sujeten François Bausch, Taxi-Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel