Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?
Neiegkeeten

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen
Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt den Tapis op der Autobunn A6

Esch an Zentrum vun der Kultur
Neiegkeeten

Esch an Zentrum vun der Kultur

An der virleschter Sëtzung vum Gemengerot vun der Stad Esch

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht

De Rapport vum Observatoire fir d‘Kompetitivitéit fir den éischte Semester 2018 läit vir

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht

De „Comité de Suivi“ hat sech dëse 15. Oktober mam leschte Rapport vum Observatoire fir d‘Kompetitivitéit ausenanergesat. Dëse Comité, deen sech aus Vertrieder vun de Konsumenten, Patronatsorganisatiounen an der Regierung zesummestellt, huet sech der Analys vun der Inflatiounsentwécklung ugeholl.

A sengem leschte Rapport huet den Observatoire fir d‘Kompetitivitéit sech op d‘Entwécklung vun der Inflatioun am Land bezunn an déi mat der Inflatioun an eisen Nopeschlänner verglach. Dat fir den éischte Semester 2019. An et ass villes uerdentlech méi deier ginn, woubäi et och ee Beräich gëtt wou sech d‘Präisentwécklung zugonschte vun de Konsumenten entwéckelt huet.

Et bleift awer dobäi, datt d‘Inflatioun zu Lëtzebuerg sensibel zougeluecht huet +2,03% am éischte Semester 2019. Dat waren 2018 fir de selwechten Zäitraum nach +1,18%. Déi gréissten Haussen huet den Observatoire vun der Kompetitivitéit an de folgende Beräicher festgestallt: Stroum +7,1%; Gas +8,5%, Déngschtleeschtungen +2,5%. Dat mat den Déngschtleeschtunge muss ee ventiléieren.

Esou heescht et, datt d‘Inflatioun zu Lëtzebuerg géintiwwer 2018 méi héich ausfält, well et bei den Déngschtleeschtungen zu gréisseren Erhéijunge komm ass. Esou huet et eng Hausse vu 15% am „ondefinéierten“ Enseignement ginn. Och d‘Servicer an den Altersheemer (+3,4%), de Crèchen an den Dagesfoyeren (+3,9%), bedéngt duerch d‘Modifikatioun bei de Chèque-service, gi méi deier.

An der Gastronomie verzeechent een eng Hausse vu +1,9%. Interessant: Präisser fir den Telefon (Fixe +5,1% / Mobil +3,4%) klammen am Géigesaz zum Internet (-7,6%) deen esou méi abordabel gëtt. Dorausser ergëtt sech am internationale Verglach: mat der ganzer EU +1,63%, an der Eurozon +1,42%. An der Belsch läit d‘Inflatioun bei 1,82%, Däitschland 1,62% a Frankräich 1,36%.

Suergekand: Taxi

Am Kontext vu der Analys, huet den Observatoire vun der Kompetitivitéit och seng Conclusiounen zum Update vu sengem Rapport zur Analys vun der Präisentwécklung am Taxi-Secteur virgeluecht. Dëse baséiert op den Observatioune vum STATEC, déi fir den nationale Konsumpräisindex (IPCN) genotzt gëtt. D‘Reform vum Secteur war vu laanger Hand virbereet ginn (Gesetzprojet 2013).

D‘Gesetz dozou war am September 2016 a Kraaft getrueden, mat enger Transitiounsphas bis Enn Februar 2017. D‘Reform hat notamment zum Zweck en neie legale Kader fir dëse Secteur ze schafen an d‘Präisgestaltung ze liberaliséieren. Bis dohinner sinn d‘Präisser vum Legislateur mat groussherzogleche Reglementer festgeluecht ginn. D‘Iddi war: et sollt alles méi bëlleg ginn…

Aus dem Rapport geet ervir, datt zanter 2013 d‘Präisser fir de Client méi séier geklommen si wéi d‘Käschte vun den Taxi-Entreprisen. 2016 an 2017 sinn d‘Präisser „stabil“ bliwwen, wat awer domatter zesummenhänkt, datt d‘Paien net evoluéiert haten an och d‘Präisser un der Pompel sech op engem vernënftege Niveau hale konnten. Zanterhier gouf de Mindestloun erhéicht…

An deen eleng ass net schold. Tëscht Mäerz 2017 a Juni 2019, sinn d‘Käschten an der Branche an d‘Luucht gaangen (+6,1%). D‘Präisdeierecht fir de Client läit hei awer bei 11,3%. Dat hat sech de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng) sengerzäit „anescht“ virgestallt. Et sollt méi bëlleg an net méi deier ginn. En Trouscht bitt jo awer do d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport.

Foto: Michael Gaida / Pixabay

Ähnlech Sujeten Indextranche, Inflatioun, Observatoire fir d‘Kompetitivitéit, Taxispräisser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel