Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zur Petitioun elo och e Video!
Neiegkeeten Sport

speed dating maria hilf mönchengladbach

D‘Biergerinitiativ Areler Strooss gouf wéinst der „Neigestaltung“ vum Gelänn „Stade

dating in de buurt app
Neiegkeeten Sport

Iwwerreechung vum nationale Sports-Brevet an dem Präis Fitness Pass 2018

Am Kader vun der Zeremonie an der Coque huet de

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen
Neiegkeeten Sport

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen

Viischt war nach et an och eekeleg fréi, wéi d‘Equipp

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel

Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie vum Tour de France retabléiert. De Chris Froome huet de gielen Trikot op de Schëlleren, mee och een onerwaarten awer eeschte Konkurrent. Den italienesche Landesmeeschter Fabio Aru (Astana) huet net nëmmen d‘Etapp gewonnen, en huet och seng Uspréch däitlech gemaach.

Fir de Schëfflenger war déi fënneft Etapp och eng gutt. Hien huet sengem „Chef“ Romain Bardet esou gehollef wéi et vun him erwaart ginn ass. Positiven Nieweneffekt: de Ben Gastauer mécht op ee neits ee grousse Sprong no vir am Generalklassement. Mat engem Retard vun 8 Minutten a 7 Sekonnen op de gielen Trikot, eng bis heihinner luewenswäert Leeschtung.

All Feeler gëtt direkt bestrooft

„Deen eenzege klenge Feeler, war dem Fabio Aru ee bësschen ze vill Plaz gelooss ze hunn“, sot den Froome, deen als drëtten, mat engem Retard vun 20 Sekonnen op den Aru, iwwert d‘Arrivée gefuer ass. Eng éischt Arrivée um Sommet, déi et dem britesche Coureur awer erlaabt mat de „Gewunnechten“ unzeknäppen. Hie fiert nees a Giel, esou wéi dat zanter senger éischter Victoire um Tour 2013 de Fall ass.

Den Italiener huet am Bierg och gewisen, datt ee mat him sollt rechnen. Seng Attack war 2.200 Meter virun der Arrivée, mat enger Pente vun 20%, fir seng Géigner net ze konteren. Op der Zweeter Plaz war den ier Dan Martin (Quick-Step) an deen huet och misse 16 Sekonnen hir ginn.

Bis dohinner huet dem Richie Porte seng Equippe (BMC) d‘Course kontrolléiert. De Romain Bardet (AG2R) Kapitän vum eenzege Lëtzebuerger um Tour, war ee vun deenen dräi Coureuren déi mat der Acceleratioun vum Chris Froome eens gi sinn. Mat Aru, Porte, Bardet a Martin schéngen sech d‘Titelaspirante dann elo och ze positionéieren.

De „looser“ vum Dag

Mat engem Retard vu 34 Sekonnen op den Italiener, war et dem Kolumbianer Nairo Quintana (Movistar) säin Dag net. Also nach ee gutt Stéck hannert dem Alberto Contador (Trek-Segafredo) dee „nëmmen“ 26 Sekonnen hannert dem Aru um Bierg ukomm ass. „Ech hu mech net wuel gefillt, mee wichteg war et d‘Suite vum Tour ze retten“, esou de Spuenier no der Arrivée.

De Quintana huet agestanen ee ganz schwéieren Dag gehat ze hunn. Géint déi héich Vitesse vum Start un an eng déckeg Hetzt, hat de Kolumbianer gëschter net d‘Mëttel. Ganz am Géigesaz zum Geraint Thomas, dee gutt mathale konnt an verdéngt op der zweeter Plaz am Generalklassement läit.

Klassement (Etappe)

1. Fabio Aru (Astana)

2. Daniel Martin (Quick-Step)

3. Christophe Froome (Team Sky)

74. Ben Gastauer (AG2R)

Klassement (General – Eenzel)

1. Chris Froome (Team Sky) gielenTrikot

2. Geraint Thomas (Team Sky)

3. Fabio Aru (Astana Pro Team) Bierg-Trikot

4. Daniel Martin (Quick-Step)

5. Richie Porte (BMC Racing)

6. Simon Yates (Orica-Scott) wäissen Trikot

7. Romain Bardet (AG2R la Mondiale)

8. Alberto Contador (Trek-Segafredo)

9. Nairo Quintana (Movistar)

10. Rafal Majka (Bora Hansgrohe)

70. Ben Gastauer (Ag2R)

143. Arnaud Démare (FDJ Cycling) gréngen Trikot

Klassement (General – Equippen)

1. Team Sky

2. BMC Racing Team

3. AG2R La Mondiale

mam Jean Montois/AFP

Foto: De Fabio Aru ass den Held vum Dag an kënnt mat enger zolitter Avance op der „La Planche des Belles Filles“ un. Den Italiener huet op dëser fënnefter Etapp schonn emol ugedéit, datt et net ëmmer de Froome muss sinn an viséiert kloer de gielen Trikot un. (© Jeff Pachoud/AFP)

Ähnlech Sujeten Tour de France
Nächsten Artikel Virrechten Artikel