Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
Neiegkeeten Sport

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun
Neiegkeeten Sport

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Mat der „journée parlementaire“ ass déi politesch Rentrée vun der

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
Neiegkeeten Sport

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

TDF: Kittel gewënnt Reenetappe

TDF: Kittel gewënnt Reenetappe

Vill Favoritte gefall an ee Sprint zu Léck vum Marcel Kittel (Quick-Step): déi zweet Etappe vum Tour de France respektéiert een Zeenario mat der traditioneller Spannung vun den éischten Deeg.

Wann de Kittel och net op säi gewinnten „Zuch“ konnt zielen, esou huet hien um Enn dach nach seng 10. Tour-Etappe gewonnen. Schonn 2013 (Bastia) an 2014 (Harrogate) hat den däitsche Cyclist ee villverspriechenden Tour-Start gebueden. Et ass awer net duer gaange vir dem Geraint Thomas (Team Sky) de gielen Trikot ofzeknäppen.

Déi zweet Etappe war gekennzeechent vum Reen an den heimatter verbonne Chutten. Et huet dann och alt nees d‘Favoritten erwëscht, dat knapp 30 Kilometer virun der Arrivée. Eng Chute an engem Ronn-Point déi sech, bildlech geschwat, wéi een zesummegefalle Kaartespill ugesinn huet. Matten dran an net just dobäi, de Chris Froome (Team Sky), Romain Bardet (AG2R) an de Richie Porte (BMC Racing).

Just ee puer Schréipen

„Ech kann net soe wien als éischt gefall ass“ sot den Geraint Thomas „Mam ‚Froomey‘ wäerte mer esou ënnert den 10 – 15 éischte gewiescht sinn wéi virun eis d‘Coureuren zu Buedem gaange sinn“. De Bilan? „Mer si just gerutscht, et ass näischt futti“, sot de Gallier dee sech bewosst berouegend ausgedréckt huet: „Mir hu just ee puer zolidd Schréipen ofkritt“.

Ënner „geschréipst“ ass ze verstoen, datt de Chris Froome Haut vum rietsen Aarschbak op der Strooss gelooss huet, fir de Bardet war et de rietse Knéi dee gelidden huet. Hien huet dann och aus senger Péng keen Heel gemaach: „Dat ass normal béi enger Chute mat 50Km/h“.

De Fransous, deem säi Coequipier Axel Domont méi schwéier blesséiert ginn ass, huet et virgezu keng gréisser Konsequenzen ze gesinn. Hie konnt och, genee wéi seng Géigner no ee puer Minutten de Peloton, deen eppes méi lues gemaach hat, integréieren. „Eng Chute ass ni eng gutt Nouvelle, mee dat ass och d‘Course an en Deel vum Job. Et hätt kënne schlëmmer ausgoen. Déi schéin Deeg kommen elo an d‘Moral ass gutt“ esou de Romain Bardet.

„Et sinn esou Deeg wou een den Tour ka verléieren“, erënnert de Alberto Contador (Trek-Segafredo) dee sech, grad wéi de Nairo Quintana (Movistar Team), gutt aus der Affär gezunn huet. Och de Richie Porte, dee sech de Knéi getéitscht huet, schléisst sech den Aussoe vu senge Kollegen un.

War et ze verhënneren? „Et huet scho misse Gléck hunn“, äntwert den Geraint Thomas, dee nach am Mee beim Giro no enger Chute huet missen opginn. De Reen, net duerchgängeg mee heiansdo hefteg, huet zum Stress bäigedroen.

Ugerappt wéi ee Béischt

D‘Etapp huet zu Düsseldorf hannert der Echappée, déi direkt beim Start vu véier Coureuren ugesat ginn ass, ugefaangen. Déi véier couragéiert Bouwe, fir déi et déi éischt Tour-Undeelnam ass, waren de jonken Thomas Boudat (Direct Energie) ex-Weltmeeschter op der Piste, den erfuerenen Amerikaner Taylor Phinney (Cannondale-Drapac) an d‘Fransouse Laurent Pichon (Fortuneo Vital Concept) an Yoann Offredo (Wanty-Groupe Gobert).

De Virsprong vum Quartett huet deels béi véier Minutte geleeën. De Phinney an den Offredo hunn op de leschten 20 Kilometer bäigehalen a sinn schlussendlech 1.100 Meter virun der Arrivée ageholl ginn. „Et hätt ee missen denken, datt eis Echappée suizidär a lächerlech ass. Eng flaach Etapp mat Géigewand. Mee mam Reen war mer bewosst, datt et Chutte géif ginn an dat eis kéint erlaben et bis op de Wupp ze packen“, esou den Offredo no der Course.

Op der Arrivée huet de Sprint sech net direkt ofgezeechent. „Ech war beonrouegt“, sot den Team Manager vu Quick-Step, de Belsch Patrick Lefevere. „Et war keng Equipp avantagéiert an eisen ‚Zuch‘ ass och net wierklech viru komm. Zum Gléck ass de Marcel och eleng ganz gutt eens ginn.“

„An dësem Tour si vill Sprinter an all versichen se mat hiren Equippen zesummenzeschaffen. Klappt dat net, de kuckt jiddereen seng Positioun ze halen“, erkläert de Kittel, deen dovunner ausgeet „gutt Chancen ze hunn nach weider Etappen ze gewannen“.

„Et huet ee kléngen doudege Punkt bei 300 Meter ginn, de Marcel ass vun hanne komm an huet ugerappt wéi ee Béischt“, bestätegt den Arnaud Démare (FDJ Cycling) deen als zweeten iwwert d‘Arrivée fiert. De franséische Landesmeeschter huet hei säi bescht Resultat am Tour gemaach a weist sech zouversiichtlech fir déi kommend Deeg.

Haut um Méindeg ass et een éischt aklamme vun de Bierg-Spezialisten, mat der Arrivée zu Lonkech op der Zitadell no 212,5 Kilometer. Déi läit um Enn vun enger 1.600 Meter laanger Montée. Dorops freeën sech nieft dem Peter Sagan (BORA) ganz besonnesch déi zwee Belsch Coureuren, Philippe Gilbert (Quick-Step) a Greg Avermaet (BMC Racing).

De Lëtzebuerger gutt ënnerwee

Mat der Chute, an déi dem Ben Gastauer (AG2R) säi Kapitän Romain Bardet verwéckelt war, hunn d‘Equipiere misse waarde fir deen nees an de Peloton eranzebréngen. Dat huet net nëmme Kraaft kascht mee och Zäit. Trotz allem konnt de Schëfflenger sech verbesseren an läit elo mat engem Retard vun 1 Minutt 13 op der 108. Plaz.

Klassement (Etappe)

1. Marcel Kittel (Quick-Step)

2. Arnaud Démare (FDJ Cycling)

3. André Greipel (Lotto-Soudal)

102. Ben Gastauer (AG2R)

Klassement (General – Eenzel)

1. Geraint Thomas (Team Sky) gielenTrikot

2. Stefan Küng (BMC Racing) wäissen Trikot

3. Marcel Kittel (Quick-Step) gréngen Trikot

4. Vasil Kiryienka (Team Sky)

5. Matteo Trentin (Quick-Step)

6. Chris Froome (Team Sky)

7. Jos van Emden (Lotto NL)

8. Michal Kwiatkowski (Team Sky)

9. Edvald Boasson Hagen (Dimension Data)

10. Nikias Arndt (Sunweb)

108. Ben Gasutauer (Ag2R)

Klassement (General – Equippen)

1. Team Sky

2. Quick-Step

3. Sunweb

mam Jean Montois/AFP

Foto: De Peloton am Reen op der zweeter Etapp vum 104. Tour de France tëscht Düsseldorf a Léck. (© Philippe Lopez)

Ähnlech Sujeten Tour de France
Nächsten Artikel Virrechten Artikel