Search

You may also like

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam
Neiegkeeten Sport

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam

De Grupp „islamesche Staat“ huet fir sech d’Geiselnam vu Melbourne

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand
Neiegkeeten Sport

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand

Et hat eng Grëtz gedauert, bis sech d‘Gewerkschaftler de Medie

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène
Neiegkeeten Sport

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

De 15. Abrëll huet d’Stad Lëtzebuerg op de Vernissage vun

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt am Sprint déi 6. Etapp zu Troyes knapp virum Arnaud Démare (FDJ). E Sprint, deen dës Kéier keng Affer gefuerdert huet.

Esou waren et also d’Gewënner vun den zwee éischte Massesprints vum Tour 2017, déi sech déi bescht Plaze gekroopt hunn. D’Hierarchie huet sech um Enn vun der 216 Kilometer laanger Etapp allerdéngs net verännert an de Chris Froome behält de gielen Trikoten

Fir de Kittel war et d’Widderhuelung der Arrivée zu Léck, wou hien dem Fransous de Bass gehalen hat. Den Démare hat den Dag drop zu Vittel nach seng Revanche geholl, hei awer keng Chance. „Et kann een net allkéiers gewannen“, huet de Manager vum Démare, den Marc Madiot, zu Troyes enttäuscht festgestallt. „Et Ass awer kee gefall an dat ass och eng Satisfaktioun“.

Déi leschten 300 Meter, net einfach vum Streckeverlaf, hunn d’Coureuren ouni Tëschefall gutt iwwerstanen. Dat am Géigesaz zur chaotescher Finale vu Vittel, déi zum Ausschloss vum Slowak Peter Sagan gefouert hat.

Deem seng Formatioun huet wuel beim Sportsgeriicht nach ee Recours agereecht, ass awer um Donneschdeg erwaart zréckgewise ginn. Bora-Hansgrohe hat gefuerdert, de Weltmeeschter nees an den Tour opzehuelen. Eng Fuerderung déi all Logik widdersprécht, vu dat de Sagan zwou Etappen net matgefuer ass.

Wéineg Plaz

Et war „enk“ op de leschte fënnef Kilometer vrun der Arrivée zu Troyes. D’Schold ass de Leit zouzeschreiwen, déi alles dru gesat hunn eng Foto vun de Coureuren ze maachen, stellt den André Greipel (Lotto-Soudal) fest. „Op de leschte Kilometer sinn ech op mannst zwee mol vun den Zuschauer touchéiert ginn“, seet de Greipel an appelléiert: „Passt op!“

Fir de Kittel ass et déi zweet Etappevictoire a seng 11. Reussite um Tour zanter senger éischter zu Bastia. Dat war an der 100. Editioun vum Tour de France 2013. Am Klassement vun den Däitsche mat de meeschte Victoiren, kënnt den Kittel un de Eric Zabel (12 Victoiren) erun. Mam Greipel, deen ëmmer op mannst eng Etapp gewonnen huet, zitt hie gläich.

Den Démare war am Sprint behënnert ginn a konnt säin Effort net ëmsetzen. Hie behält awer de gréngen Trikot. „Et war ee Mauslach an ech hunn et nach esou just gepackt“ erkläert de franséische Landesmeeschter „ënnert deene Konditioune sinn ech frou déi zweet Plaz gemaach ze hunn. Mee et gëtt nach Sprints an ech wäert muer (Freideg) meng Revanche huelen“.

Héich Vitesse

D’Arrivée war eng vun den bis elo schnellsten. Den Démare war mat 75,04 Km/h dee schnellste Coureur 400 Meter virun der Arrivée, iert hien op de leschte 50 Meter vum Kittel „iwwerrompelt“ ginn ass. Dee flitt mat 71,17 Km/h iwwert d’Linn d’Arrivée. „Et ass richteg datt meng Been gutt sinn. Ech war voll Vertrauen an d’Equipe an a mech selwer“ sot de Greipel, dee bedauert datt de Virfall Sagan/Cavendish nach ëmmer Haaptthema ass.

Haut kënnt den Tour an der Bourgogne un. Eng Etapp vun 213,5 Kilometer tëscht Troyes an Nuits-Saint-Georges. An och déi siwent Etapp misst un Enn vun de Sprinter entscheet ginn. Wien vun de béide Kontrahenten hei um Enn d’Nues fir huet an op et iwwerhaapt nees zum Duell kënnt, bleift ofzewaarden. Fir den Ament féiert den Kittel mat 2:1.

Fir de Ben Gaustauer war et haut eng Transitiounsetapp. De Schëfflenger konnt sech gutt am Peloton halen an huet, esou wäit bekannt, net allze vill ënnert der Hëtzt gelidden. Hien huet op ee neits senger Equipe ee gudden Déngscht geleescht a fiert als 103. iwwert d’Arrivée ouni Zäitverloscht. Domadder bestätegt de Ben Gastauer seng Form a réckelt am General nach eng Kéier zwou Plazen no vir.

Klassement (Etappe)

1. Marcel Kittel (Quick-Step)

2. Arnaud Démare (FDJ Cycling Team)

3. André Greipel (Lotto-Soudal)

103. Ben Gastauer (AG2R)

Klassement (General – Eenzel)

1. Chris Froome (Team Sky) gielenTrikot

2. Geraint Thomas (Team Sky)

3. Fabio Aru (Astana Pro Team) Bierg-Trikot

4. Daniel Martin (Quick-Step)

5. Richie Porte (BMC Racing)

6. Simon Yates (Orica-Scott) wäissen Trikot

7. Romain Bardet (AG2R la Mondiale)

8. Alberto Contador (Trek-Segafredo)

9. Nairo Quintana (Movistar)

10. Rafal Majka (Bora Hansgrohe)

68. Ben Gastauer (Ag2R)

137. Arnaud Démare (FDJ Cycling) gréngen Trikot

Klassement (General – Equippen)

1. Team Sky

2. BMC Racing Team

3. AG2R La Mondiale

mam Jean Montois/AFP

Foto: (vu R.) Marcel Kittel, Alexander Kristoff, André Greipel, Nacer Bouhanni an Arnaud Démare. Ee grousse Sprint mat iwwer 70 Km/h deen de Kittel knapp gewënnt. Awer och ee Sprint ouni Tëschefall (© Jeff Pachoud/AFP)

Related topics Tour de France
Next post Previous post