Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien
Neiegkeeten Sport

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

Gëschter huet de Premierminister vun Israel, de Benjamin Netanyahu, annoncéiert,

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“
Neiegkeeten Sport

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“

Um leschten Dënschden kruten d’Kanner vum Grupp Créa aus dem

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun
Neiegkeeten Sport

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun

Et kléngt verréckt an dat ass et wahrscheinlech och: bis

TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech

TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech

De Weltmeeschter Peter Sagan (Bora) huet um Méindeg seng éischt Etappe vum 104. Tour de France gewonnen. Hien huet an der drëtter Etappe vu Verviers (B) op Lonkech (F) seng Erfarung spille gelooss an d‘Nonne-Kopp (côte des Religieuses) am beschte gemeeschtert. De Geraint Thomas (Sky) bleift „Giel“ no dëser Etapp déi d‘Entrée a d‘Frankräich markéiert huet.

Et war awer och eng Flott Etappe, déi duerch eist schéint Ländche gefouert an vill Leit op de Parcours gelackelt hat. Dausende Leit stounge laanscht d‘Strooss. D‘Gemengen haten sech erausgefiizt a kee Lokalpolitiker – et sinn ëmmerhi Gemengewahlen – huet sech dësem groussen Evenement entzunn.

De Peter Sagan huet also op de leschte 1.600 Meter virun der Arrivée den Australier Michael Matthews (Sunweb) den Ir Daniel Martin (Quick-Step) an de belschen olympesche Champion Greg Van Avermaet (BMC) regelrecht stoe gelooss. Eng Ausernanersetzung tëscht Sprinter, vun deene jiddereen en Usproch op de gréngen Trikot huet.

De franséische Landesmeeschter Arnaud Démare (FDJ), zweete gëschter zu Léck, fiert als sechsten, den Geraint Thomas als aachten iwwert d‘Linn d‘Arrivée, béid mat knappen 2 Sekonnen hannert de Sprinter. De Chris Froome (Sky) hat sech dëser Spëtzt ugeschloss a kënnt als néngten zu Lonkech un. Am „Général“ huet de Geraint Thomas mëttlerweil 12 Sekonnen Avance op de Froome an de Matthews, de Sagan verkierzt ëm 13 Sekonnen.

Eng optimistesch Echappée

Scho relativ fréi hate sechs Coureuren sech entschloss eng Méck ze maachen. De Peloton huet hinnen awer ni méi wéi véier Minutte Virsprong gelooss. Déi sechs couragéiert mee eppes ze optimistesch Coureure waren dann och nach engem Géigenugrëff ausgesat. D‘Fransouse Lilian Calmejeane (Direct Energie) an Pierre-Luc Périchon (Fortuneo – Vital Concept) hunn mam Belsch Thomas de Gendt (Looto-Sopudal) dee klénge Grupp ageholl.

Se si mam Romain Hardy (Fortuneo – Vital Concept) 29 Kilometer virun der Arrivée mat ronn 90 Sekonne Virsprong iwwert d‘Grenz gefuer. Den Tour-Ufänger Calmejane huet bis 10 Kilometer virun der Arrivée säin Optimismus bewisen, iert och hie vum Peloton sollt iwwerrannt ginn.

An der finaler Montée huet den Richie Porte (BMC) no der heftegster Steigung, op de leschte 500 Meter zum Sprint ugesat. Direkt hannert him de Sagan. Deen huet sech selwer kuerz Angscht gemaach, wëll hien aus der Pedall gerutscht ass wéi e wollt de Sprint usetzen. De Slowak ass allerdéngs erfueren a motivéiert, konnt schnell relancéieren. De Porte konnt net widderstoen an de Matthews, dee wuel nach emol erukomm war, hat keng Chance.

Mat 27 Joer huet den duebele Weltmeeschter (2015/16) zu Lonkech seng insgesamt aacht Etapp beim Tour de France gewonnen. De Sprinter kann och op ee schéine Palmarès zréckblécken, ass hien dach scho fënnef mol mam gréngen Trikot zu Paräis ukomm.

Mam Depart vun der véierter Etapp zu Munneref, verléisst den Tour dann och definitiv Lëtzebuerg. Ernimme mer nach de Ben Gastauer (AG2R), dee mat engem Retard vun 1 Minutt 49 als 93. zu Lonkech iwwert de Stréch gerullt ass an nach emol am General Plaze konnt gutt maachen. Alles an allem huet de Schëfflenger no der drëtter Etapp 3 Minutte Retard op de Leader. Dat ass bis heihinner an ugesicht senger Roll an der Equipp, ee Resultat dat eis sollt Houfreg stëmmen.

Klassement (Etappe)

1. Peter Sagan (Bora-Hansgrohe)

2. Michael Matthews (Team Sunweb)

3. Daniel Martin (Quick-Step)

93. Ben Gastauer (AG2R)

Klassement (General – Eenzel)

1. Geraint Thomas (Team Sky) gielenTrikot

2. Chris Froome (Team Sky)

3. Michael Matthews (Team Sunweb)

4. Peter Sagan (Bora-Hansgrohe)

5. Edvald Boasson Hagen (Dimension Data)

6. Pierre-Roger Latour (AG2R)

7. Philippe Gilbert (Quick-Step)

8. Michal Kwiatkowski (Team Sky)

9. Tim Wellens (Lotto-Soudal)

10. Nikias Arndt (Sunweb)

12. Stefan Küng (BMC Racing) wäissen Trikot

90. Nathan Brown (Cannondale-Drapac Pro Cycling) Bierg-Trikot

93. Marcel Kittel (Quick-Step) gréngen Trikot

97. Ben Gastauer (Ag2R)

Klassement (General – Equippen)

1. Team Sky

2. Quick-Step

3. Movistar

mam Jean Montois/AFP

Foto: Exzellent Leeschtung vum Slowak Peter Sagan, deen op de leschte Meter senge Konkurrenten den Dicks gebéit huet (© Jeff Pachoud/AFP)

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Sport, Tour de France
Nächsten Artikel Virrechten Artikel