Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach
International Neiegkeeten Sport

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach

Wann et dëst Joer och eng ganz Rëtsch Constructeure ginn

Alles geet op de BD-Festival zu Contern
International Neiegkeeten Sport

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass
International Neiegkeeten Sport

Fräi Tribün: dat Afrikanescht Polverfaass

E Sonndeg soll an der demokratescher Republik Kongo gewielt ginn,

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der Jugend (FOJE) am olympesche Stadion Koševo stattfonnt.35 Joer no de 14. Olympesche Wanterspiller am Joer 1984 konnt dat olympescht Feier nees zu Sarajewo ugefaange ginn.

Och Lëtzebuerg ass beim FOJE mat 4 Athlete vertrueden, dorënner d’Gemma Marshall, wat immens houfreg war den Delegatiouns-Fändel vum Team Lëtzebuerg droen ze dierfen. Wärend enger Woch wäerten 1.004 Athleten aus 46 Natioune sportlech Beschtleeschtunge weisen, fir esou d’Chance op eng Medaile ze kréien.

Sarajevo

D’Sarah Schiltz © Team Lëtzebuerg

Sarajevo

D’Anna Ruysschaert © Team Lëtzebuerg

E Méindeg war et um Sarah Schiltz an Anna Ruysschaert fir den Ufank am Lëtzebuerger Team ze maachen. An der Slalom-Course (Ski Alpin) , konnt d’Sarah d’Course leider net zu Enn bréngen. Gewonnen huet hei den Egger Magdalena aus Éisträich. Um 1500 Meter Short-Track huet d’Anna sech fir d’Hallef-Final qualifizéiert.

Hei huet d’Athletin eng super 6. Plaz beluecht, wat awer leider net duergaangen ass, fir bis an d’Final ze kommen. Am generelle Classement huet d’Anna déi 17. Plaz beluecht. D’Course ass vum Confortola Elisa aus Italien gewonne ginn.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun Team Lëtzebuerg oder ënnert eyof2019.net.

Ähnlech Sujeten Anna Ruysschaert, FOJE, Gemma Marshall, Sarah Schiltz, Sarajewo, Team Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel