Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
china hookup welkom dating site

https://moien.lu/ex-girlfriend-dating-my-friend/

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

hook up maiden
china hookup welkom dating site

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
china hookup welkom dating site

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

Am Fokus vun der Enquête duerch den US-Justizministère: Amazon, Apple, Facebook a Google

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen sech schonn emol prophylaktesch op den onerwaarte Geldseegen an. De Grond: d‘US-Regierung huet eng massiv an ëmfangräich Enquête ugekënnegt, déi sech de Wettbewerkspraktike vun den Tech-Konzerner soll unhuelen.

Et gëtt Zäit, datt sech hei emol gekëmmert gëtt. Laang genuch hunn d‘Europäer den Amerikaner de Virworf gemaach, den Internet-Gigante vill ze vill Fräiheeten zouzegestoen a sech quasi um Maart e Monopol geschafen hunn. Den US-Justizministère huet elo entscheet sech deem unzehuelen an ze préiwen, ob an a wéi engem Ëmfang déi féierend Internet-Plattforme Maartmuecht erlaangt hunn.

Si wëllen och kläre wou sich sech u Praktike bedeelegen déi d‘Konkurrenz behënnert, Innovatioun verhënnert an dem Konsument e bezifferbare Schued zoufüügt. Firmen huet den US-Justizministère keng genannt, woubäi si déi verschidde Secteuren an deene gepréift muss gi kloer definéiert huet.

Dat sinn: 1. Sichmaschinnen; 2. Sozial Medien; 3 Onlinehandel. Et dierft also sécher sinn, datt bei Amazon, Apple, Facebook a Google eppes méi genee higekuckt gëtt, woubäi dat net déi eenzeg sinn déi d‘Administratioun am A huet. Konkret geet et drëms ze kucken, ob Konzerner kleng Entreprise wirtschaftlech ënner Drock setzen, oder innovativ Betriber opkafen iert ze konkurrenzfäeg ginn.

Wéi kënnt et zu dësem Sënneswandel? Ma den US-President féiert den Ament grad e Wahlkampf, an et ass gewosst, datt hien den Tech-Konzerner net gutt gesënnt ass, wëll déi hien einfach net ënnerstëtze wëllen. Esou de Jeff Bezos (Amazon) zum Beispill, deen d‘Washington Post kaf huet.

Dat bedeit allerdéngs net, datt déi Länner an Europa, déi d‘GAFA gäre besteiere wéilten dofir vum Donald Trump d‘Erlaabnes kriten. Woubäi, Frankräich an eventuell Däitschland dozou direkt bereet wären, während sech Lëtzebuerg an vill aner Länner géint eng eesäiteg Besteierung vun den Tech-Konzerner ausgeschwat hunn. Lëtzebuerg verlaangt eng global Léisung a brauch de Goss och net…

mat indymedia/SFO

Ähnlech Sujeten Amazon, Apple, Facebook, Google, Tech-Konzerner, US-Justizministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel