Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot
International Neiegkeeten Sport

Eng voll Dagesuerdnung am Stater Gemengerot

Am Stater Gemengerot war et eng éischter länger Sëtzung mat

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt
International Neiegkeeten Sport

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Um Donneschdegowend, während sech den Emmanuel Macron an de Xavier

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn
International Neiegkeeten Sport

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn

Mam Slogan „D‘Alternativ fir Är Gemeng“ huet déi Alternativ Demokratesch

Technesch Problemer fir den Dylan Pereira um Sachsenring

Technesch Problemer fir den Dylan Pereira um Sachsenring

Wann de Porsche Mobil 1 Supercup „Vakanz mécht“ da bedeit dat net, datt sech och de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kann eng Paus gënnen. Fir de Lëtzebuerger Espoir, Dylan Pereira heescht et sech am Porsche Carrera Cup Däitschland, op déi nächst Course virzebereeden.

Hei hunn dann och déi 11. an 12. Course vum däitsche Championnat um Sachsenring bei Chemnitz stattfonnt. Eng laang Streck (3,67 Kilometer) mat villen (14) oniwwersiichtleche Kéieren, déi vill Risikobereetschaft vun der Piloten offuerdert. Et ass zudeem eng Piste déi onwahrscheinlech séier an d‘Iwwerhuelen esou guer net einfach ass. Eng gutt Startplaz ass hei e wichtegen Atout.

Am fräien Training, wou den Dylan Pereira manner Ronne wéi d‘Konkurrenz gedréit huet, mécht de Lëtzebuerger mat der véiert beschter Zäit eng gutt Figur. Als schnellste Pilot huet den Thomas Preining aus Éisträich de fräien Training ofgeschloss. Domatter waren d‘Viraussetzunge fir eng gutt Qualifikatioun eigentlech ginn, an um Ufank huet et fir de Lëtzebuerger Pilot gutt ausgesinn.

No e puer Tier hat sech den Dylan Pereira déi fënneft Zäit gekroopt, an et hätt och roueg esou dierfe weidergoen. „Hätt“ ass gutt gesot: Problemer mat der Boîte vu sengem Porsche 911 GT3 Cup hunn hien zréck an d‘Box gezwongen. Während un der „Léisung“ geschafft ginn ass, hunn sech déi aner Piloten op der Pist zäitlech stänneg a massiv verbessert. Domatter war déi gutt Laun bei der Däiwel.

Wann‘s de eppes kanns…

D‘Kaarte ware gemëscht, an de Pilot vum Lechner Racing Team huet sech missen domatter offannen, datt hien am éischte Renne vun der 24. an am zweete Renne vun der 21. Startplaz hannert sengen direkte Konkurrenten un den Depart huet misse goen. Sech vun den hënneschte Plazen nees no vir ze kämpfen, dat ass net déi einfachst Erausfuerderung, mee wann‘s de eppes kanns.

An den Dylan Pereira kann. Hien huet an der éischter Course wéi gewinnt e brillanten Depart op d‘Pist bruecht, an direkt emol e puer Plaze gutt gemaach. Allerdéngs huet sech de Lëtzebuerger Pilot nach an der éischter Ronn kuerz vun der Piste missen an de Kräsi auswäichen. E Konkurrent hat sech virum him gedréint, d‘Plaz war knapp, an de Kräsi besser wéi en Totalschued.

No siwe Ronnen awer war de Dylan Pereira ee vun de séierste Piloten op der Streck, hat nach emol fënnef Plaze gutt gemaach, a fiert um Enn nach als 14. iwwert d‘Linn d‘Arrivée. Et ass esouguer duergaange fir déi zweet séierst Zäit vun dëser Course ze maachen. Eng kuerz Paus, an schonn ass et op de Start fir déi zweet Course vun dësem Sonndeg ze bestreiden.

D‘Virgabe goufen erfëllt

Och hei nees e perfekten Depart, an direkt emol fënnef Konkurrenten am éischten Tour iwwerholl. Esou konnt et weider goen, an am siwenten Tour hat den Dylan Pereira sech bis op déi 11. Plaz no vir gekämpft. D‘Zil dat sech de Lëtzebuerger gesat hat: am „Top Ten“ ukommen. An déi zéngte Plaz huet hien sech dann och nach geholl. Domatter war de Weekend gerett…

Awer nëmme bis an de 14. Tour. Do huet sech e Pilot de Batti gestallt, ass vun der Streck ofkomm, an de „Safety Car“ ass op d‘Piste beuerdert ginn. D‘Feld ass nees zesummegeréckelt, wouduerch d‘Kaarte liicht nei gemëscht goufen. Wéi et nees lass konnt goen, huet den Dylan Pereira de Lastik eppes iwwerspaant. De Versuch déi 9. Plaz ze huelen, war net gegléckt, an huet eng Plaz kascht.

Esou ass de Lëtzebuerger Pilot als 11. iwwert de Stréch gefuer, a kann nach déi drëtt beschten Zäit vun der Course fir sech verbuchen. D‘Tatsaach, datt den Dylan Pereira sech an all Manche ëm wéinstens 10 Plaze verbessere konnt, ass dann och gutt Zeechen. Déi Ziler déi sech Lechner Racing gesat huet konnten erfëllt ginn. Fir déi lescht Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup ass ee prett.

Déi gëtt an dräi Wochen zu Mexiko ausgedroen, an rechneresch kann sech den Dylan Pereira am Generalklassement nach op de Podium Hoffnung maachen. Mee iert et esouwäit ass, gëtt et nach eng „Trainigsronn“ um Hockenheimring. Do fannen déi zwou lescht Course vum däitsche Porsche Carrera Cup statt (22./23. September).

Klassement vun der 11. Course am Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 14. Dylan Pereira (LU)

Klassement vun der 12. Course am Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 11. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 6. Dylan Pereira (LU)

Klassement „Rookie“ Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Igor Walilko (PL)
  • 2. Dylan Pereira (LU)

Videoen:

Porsche Carrera Cup Allemagne Sachsenring Race 1:

https://www.youtube.com/watch?v=cnGwj5bOSzw

Porsche Carrera Cup Allemagne Sachsenring Race 2:

https://www.youtube.com/watch?v=sXHYy-bASWQ

Informatiounen:

Foto: © Manfred Muhr/ATP

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Sachsenring
Nächsten Artikel Virrechten Artikel