Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes

Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng hunn den

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun
International Neiegkeeten

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

Den SEW-OGBL ass nach ëmmer wéinst dem Manktem un Enseignanten

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn
International Neiegkeeten

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wat den Een als Dreck ugesäit, ka sech fir een

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018 decidéiert an der Chamber fir d’Dauer vun dëser Legislaturperiod zesummen en “technesche Grupp” ze constituéieren.

Dës Optioun ass am Reglement vun der Chamber virgesinn an erlaabt et deenen Deputéierten, respektiv politesche Sensibilitéiten, déi an esou engem Grupp vertruede sinn, hir Aarbecht an der Chamber ze optiméieren.

Dësen “technesche Grupp” bedéngt keng politesch Zesummenaarbecht tëschent deene bedeelegte Parteien, déi allebéid hir voll politesch Onofhängegkeet behalen. D’Koordinatioun vun dësem Grupp, esou wäit se fir déi net politesch Aarbecht noutwenneg ass, gëtt tëschent deenen zwou Parteien, proportional zu der Zuel vun hiren Deputéierten, opgedeelt.

D’adr assuréiert dës Koordinatioun während deenen éischte 40 Méint vun der Legislaturperiod, d’Piraten iwwerhuelen déi 20 Méint dono.

Matgedeelt vun der adr an de Piraten

Ähnlech Sujeten adr, Chamber, Kooperatioun, Piraten, technesche Grupp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel