Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Bis un déi lescht Grenz
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Bis un déi lescht Grenz

Space, the final Frontier. Mat deene Wieder begleet de Patrick

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)
Kultur Neiegkeeten

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)

Aus de bekannte Grënn gëtt haut d‘Enn vum zweete Weltkrich

Editorial: Spannung pur am Streaming!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter

Teenager, Elteren a Confinement – De Retour vu Spillowenter

Wien huet dann en Teenager doheem? Jugendlecher, op der schmueler Grenz tëscht dem Erwuesse-Ginn. Eng vun den üblechen Niewewierkungen ass, datt Eltere blöd sinn an net wësse vu wat se schwätzen. An elo sinn se gezwongen Zäit mat eis ze verbréngen …

Et muss e kreativ si fir se vum digitale Bildschierm lasszerappen, Snapchat, TikTok, Instagram, d’Playstatioun oder den Nintendo sinn e flotten Zäitverdreif – mat Mooss natierlech! Ofwiesslung muss sinn. D‘Schoul doheem ass och eng Erausfuerderung, ma déi kréie mir besser gemeeschtert ewéi eis Fräizäit. Ufanks war et schwéier, et geet vun Dag zu Dag besser. Mir hunn eis missen openeen astellen.

An dunn goufe Spillowenter vu mir agefouert, ech ginn zou, datt ech Mensch ärgere dich nicht haassen. Mee villäicht sinn ech just e schlechte Verléierer. Zoufällegerweis ass mir op Facebook eng Reklamm fir d’Spill Kenns du Lëtzebuerg (Junior Editioun) opgefall, ech hunn et direkt bestallt. No e puer Deeg war et schonns do –  zesumme mat engem Rucksak an enger Gedrénksfläsch. Fir den nächste gréisseren Ausfluch si mir gutt preparéiert!

D’Spillen huet eis iwwerrascht, mir wousste méi iwwert onst Land ewéi geduecht. An awer net genuch, et wäert nach dacks zum Asaz kommen, zemools d’Quizfroen hunn eis zum Laache bruecht. An dat ass déi beschte Medezin!

Wie weess, wat mir nach alles léiere wäerten. Et ass Geografie mol anescht. Wien Interessi um Spill huet muss séier zougräifen, et gëtt se nëmmen nach soulaang se do sinn – ok, aktuell ass et ausverkaft, mee och hei wäert et Nachschub ginn. Et ginn der awer och nach vill an de Geschäfter – am Cactus, online beim Ernster oder op Bestellung beim Domino.

Wärenddeem mir en Tour duerch eist klengt Land gemaach hunn, ass mir eppes bewosst ginn. Mir souzen un engem Dësch an hate Spaass. D’Isolatioun huet eis nees méi no bruecht, mir schwätze vill mateneen. Mir sinn eng Famill. Sou richteg!

Mäi Meedche vu 14 Joer hëlleft mir kachen. Mir baken zesummen – nach méi wéi Chrëschtdag. Si decken den Dësch, mir spullen zesummen, den Haushalt gëtt opgedeelt. Fräiwëlleg, ouni Diskussioun. Mir sinn en Team. A mir gefält dat! Mir léieren all Dag eppes dobäi – och vun doheem aus. Jidderee vun eis huet seng eege Manéier mat senge Gefiller eens ze ginn an dat gëtt respektéiert. Jo, mir kruten d’Chance eis nei kennenzeléieren a mir notzen se esou gutt et geet.

Ech hoffen, datt meng zwee Grousser geschwënn nees eraus däerfen, Kollegen treffen an d’Schoul esou erliewe wéi et soll sinn. An ech wënsche mir, datt mir dës Famill weider sinn, datt net jiddereen säin eegene Wee geet, mä datt mir och erëm méi zesummen ënnerhuelen.

Wéi empfannt Dir Ären Alldag? Är Meenung géing mech interesséieren!

 

 

Ähnlech Sujeten Confinement, Coronavirus, Covid-19, Domino, Erfarung, Ernster, Famill, Kenns du Lëtzebuerg, Spillowend, Spillowenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel