Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?
International Neiegkeeten

2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?

De perséinlechen Auto, „dat ass net méi de Schema vun

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien
International Neiegkeeten

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien

Mat de Perquisitioune vun de Büroe vu sëlleche Volleksvertrieder a

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?
International Neiegkeeten

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?

De Gruppement vun den Entrepreneure fir den Héich- an Déifbau,

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes

Um Samschdeg huet den Iran bestätegt, keng Ännerungen um Nuklearofkommes, dee mat de Groussmuechten ënnerschriwwe ginn ass, unzehuelen. Dat emol als éischt Reaktioun op de vum Donald Trump gestallten Ultimatum. Den US-President wëll d‘Konditioune verschäerfen.

Russland, dat als Alliéierte vum Iran gehandelt gëtt, huet sengersäits gemengt, datt sollt sech Washington aus dem dësem historeschen Accord vun 2015 zréckzéien, wier dat e Schoss dee no hanne kéint lassgoen. Den Accord war zu Wien tëscht dem Grupp 5+1 – China, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Russland an USA – geschloss ginn.

Frankräich huet sengersäits un den „noutwennege Respekt vun alle Signataire“ vum Accord erënnert, nodeems den US-President vun den Europäer verlaangt hat, him ze hëllefe fir d‘Konditioune vum ze verschäerfen, sollt hinnen dru geleeë sinn, datt d‘USA och weiderhin „matmaachen“.

Den Donald Trump hat um Freideg d‘Suspendéierung vun de Wirtschaftssanktioune géint den Iran bestätegt. Sanktiounen déi am Kader vum Accord opgehuewe gi sinn. Aus dem Wäissen Haus war allerdéngs och virgewarnt ginn, datt et dat gewiescht ass, a keng Suspendéierung méi wäert ënnerschriwwe ginn.

Et ass een awer net um Basar…

An engem Communiqué vum iraneschen Ausseministère weist Teheran drop hin datt: „déi Islamesch Republik Iran (…) keng Moossname wäert ergräifen, déi iwwert déi am Kader vum Nuklearofkommes gemaachten Zousoen ewech ginn. (…) Eng Modifikatioun vum Accord wäert weder haut nach muer ugeholl ginn an och net zouloossen, datt d‘Nuklearofkommes un aner Froe gebonne gëtt“.

Den iraneschen Ausseminister Mohammad Javad Zarif, hat e Freideg den US-President beschëllegt, mat aller Gewalt den Accord wëllen ze sabotéieren. Déi progressiv an u Konditioune gebonnen Ophiewung vun den internationale Sanktioune, am Tausch géint d‘Garantie, datt sech den Iran keng Atomwaffen zouleet, wier dem Donald Trump en Dar am A.

„Et ass déi lescht Chance“ sot de Locataire aus dem Wäissen Haus an engem Communiqué, a fuerdert en Accord mat den Europäer, fir de „schreckleche Lacunne vum Text ze begéinen“. Den Donald Trump huet och ni en Heel draus gemaach, datt de bestoenden Text sengen Usiichten net entsprécht, während all déi aner, den Accord mat Hänn a Féiss verdeedegen.

De Signatairen en Ultimatum gesat

Den Donald Trump huet dann och virun allem d‘Europäer Gewarnt, datt sollt et net zu „Amendementer am Accord kommen“ d‘USA dem Iran unilateral nees d‘Sanktiounen operleeë wäert, a sech mat „effet immediat“ aus dem 2015 ënnerschriwwenen Accord zréckzitt. Géintiwwer China a Russland, huet Washington keng Fuerderunge gestallt…

120 Deeg hunn d‘Europäer fir sech ze entscheeden. Dann nämlech ass déi nächst Echeance fälleg, déi zur Suspendéierung vun de Sanktioune soll féieren. Während Däitschland a Frankräich um Accord „tel quel“ festhalen, sinn sech d‘Experten net esou sécher wat d‘Positioun vu Groussbritannien ugeet.

An den Donald Trump hat jo och däitlech gemaach, datt den Accord dee vu sengem Virgänger Barack Obama ënnerschriwwe ginn ass, dozou gefouert hätt, datt déi international Communautéit d‘Ae virun der iranescher Gefor verschloss hätt. Den US-President beschëllegt den Iran d‘Konflikter am noen Osten unzeheizen an den Terrorismus ze ënnerstëtzen.

Alles nees beim „Alen“

D‘Iraner an de Stroosse vun Teheran verheemlechen net, datt si es där stänneger Fuerderunge vun den USA midd sinn. „Et mécht keen Ënnerscheed. Mir liewen elo schonn zanter 40 Joer mat den US-Sanktiounen“, esou de Farshad Alyan, e Student vu 26 Joer „wéi den Accord 2015 endlech ënnerschriwwe ginn ass, ware mir voller Hoffnung. Déi ass haut verflunn“.

Vun iraneschen Ausseministère gëtt den Donald Trump beschëllegt „ u sengen Aktioune géint dat iranescht Vollek festzehalen, wéi hien et scho säit engem Joer mécht“. De beschte Beweis wieren déi nei Sanktioune géint iranesch Bierger, Geschäftsleit a politesch Vertrieder.

Den iraneschen Ausseministère huet dann och matgedeelt, datt een eng entspriechend Äntwert op d‘Entscheedung vun der US-Administratioun wäert fannen, déi den Ajatollah Sadegh Larijani (Chef vun der juristescher Autoritéit) op d‘Lëscht vun de „geziilte“ Sanktiounen – déi net un den Atomprogramm gebonne sinn – gesat ze hunn, déi vum US-Schatzamt e Freideg ugeholl ginn ass.

Eng Rechnung déi net kann opgoen

Bei hirer Entrevue zu Bréissel, leschten Donneschdeg, haten d‘Europäer sech nees hannert den Accord vu Wien gestallt. Si hunn dann och drop higewisen, datt och déi international Agence fir Atomenergie (IAEA), reegelméisseg bestätegt, datt sech den Iran un d‘Ofkommes hält an d‘Reegele respektéiert.

Dat huet den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu – deen den Iran als regional Bedreeung ugesäit – net dovunner ofgehalen, um Samschdeg vum Emmanuel Macron ze fuerderen, sech der amerikanescher Positioun unzeschléissen. De franséische President huet mat engem Communiqué geäntwert, an op e neits drop higewise, datt et noutwenneg ass sech un den Accord ze halen, wann een och zukünfteg wëll kredibel a Verhandlungen antrieden.

Och d‘Russen halen um Accord fest a bedaueren d‘Entwécklung vum Dossier. „Mir musse feststellen, datt d‘USA eigentlech hir Entscheedung scho getraff hunn, oder no dru sinn se ze huelen“, esou de Sergei Ryabkov vum Ausseministère géintiwwer Interfax. „Dat ass eng Rechnung déi net kann opgoen…“.

mam Eric Randolph/AFP

Foto: (v.l.n.r.) d‘Ausseminister Jean-Yves Le Drian (Frankräich), Sigmar Gabriel (Däitschland), Boris Johnson (Groussbritannien) an Frederica Mogherini (EU) haten um Donneschdeg an enger gemeinsamer Erklärung matgedeelt, datt si um Nuklearofkommes mam Iran – an der aktueller Fassung – festhalen. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten China, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Iran, Nuklearofkommes, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel