De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum
Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum
De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum
D’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt beim flëssegen Eewäiss
Nodeems sech d‘Ajatollahen am Iran en neit Atomgesetz vergënnt hunn, gëtt elo an der Anlag zu Fordo (südlech vun Teheran) nees d‘Uranuräicherung erhéicht. Dës Moossnam huet net de Konsens bannent der iranescher Regierung fonnt. Gewësse Membere sinn net iwwerzeegt, datt dëse Schratt eppes zur Rettung vum Atomofkommes vun 2015 bäidroe kann.
Woubäi, dëst Ofkommes streng geholl just an de Käpp vun de Signatairen (ouni d‘USA) existéiert. Nodeems den Donald Trump den Accord zerrappt hat, all Hiewel a Beweegung gesat huet fir nees d‘Sanktioune géint déi islamesch Republik agesat ze kréien, an zu gudder Lescht all Entreprise wësse gedoen huet, dat wien et wot mam Iran handel ze bedreiwen, mat Sanktioune beluecht gëtt.
Ouni Accord dofir awer mat Sanktiounen, hunn d‘Hardliner zu Teheran nees Iwwerhand. An de Regierungsspriecher Ali Rabiei huet erkläert: „Déi technesch Prozedur fir d‘Uranuräicherung op 20% huet viru wéinege Stonnen ugefaangen an déi international Atomagence IAEA gouf iwwert d‘Gesetz an déi nächst Schrëtter informéiert. D‘Verfare steet am Aklang mat deem vum Parlament gestëmmte Gesetz. D‘Gesetz muss trotz Bedenke vun der Regierung ëmgesat ginn“.
D‘Gesetz war am November d‘Lescht Joer vun den Hardliner bannent dem Parlament duerchgesat ginn. Entspriechend dem Text, soll déi national Atomagence AEOI ënnert anerem all Joer 120 Kilo op 20% ugeräicherten Uran hierstellen. Am Gesetz ginn och d‘Jalone fir de Réckzuch aus dem Zousazprotokoll vun der IAEA, woumatter d‘UN-Inspektere keen Zougang méi géifen erhalen.
Elo ass et absolutt richteg, datt dat iranescht Gesetz an alle Punkte géint d‘Atomofkommes aus 2015 verstéisst. Richteg ass och datt d‘Ajatollahe alles versicht hunn eng fir all Parteien zukunftsfäeg Léisung ze fannen. Leider hunn d‘Europäer, déi nach um Accord festhalen – an dat wuel zu Recht – näischt vun deem wat se versprach hate gehalen. 2019 huet Teheran nees eegen Decisioune geholl.
Dat hënnert d‘EU-Kommissioun (déi net Signataire ass an éischter „näischt“ zum Ofkommes vun 2015 bäigedroen huet) net ze bekloen datt: „Sollten d‘Annonce vun Teheran tatsächlech ëmgesat ginn, géif et sech ëm en erhieflecht Ofwäiche vun den iranesche Verflichtungen ënnert dem Accord handelen“, esou de Josep Borrell, EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten. Mat wéi engem Recht an am Numm vu wéi enge Signataire de Spuenier dës Ausso gemaach huet ass net gewosst.
Mee och den iranesche President Hassan Rohani ass net vum „Gesetz“ iwwerzeegt. D‘Signatairen hätten d‘Situatioun erbäigefouert an den oppen ugekënnegte Wonsch e Regimewiessel erbäiféieren ze wëllen, huet déi politesch Landschaft am Iran beaflosst. Am Juni si Presidentewalen am Iran an déi kéinten no 4 Joer Trump-Regierung, de Fundamentalisten an Hardliner seriéis begënschtegen.
mat indymedia/tlv
Illustratioun: VladoZg / Pixabay