Search

You may also like

Kréie mir et hinn eis iwwert d‘Feierdeeg ze behuelen?
Neiegkeeten

Kréie mir et hinn eis iwwert d‘Feierdeeg ze behuelen?

Et geet op Chrëschtdag an Sylvester duer, wat heescht, datt

surprise
Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll
Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders ass en Experiment, wat net ganz gelénge wëll

Netflix a Marvel wollten um klengen Ecran dat erreechen, wat

Stroumausfall zu Esch – CHEM involvéiert awer net betraff
Neiegkeeten

Stroumausfall zu Esch – CHEM involvéiert awer net betraff

An der Süd-Metropol Esch-Uelzecht ass et um Méindegnomëtten zu engem

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech

Teleconsultatioun an Tele-Suivi: D’Technik mécht et méiglech

Am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie huet d’Regierung d’Teleconsultatiounen agefouert, fir esou op Distanz vun engem Dokter beroden ze ginn. Duerch déi schwiereg Situatioun ass d’Teleconsultatioun een Schlësselelement vum Gesondheetssystem, fir esou d’Deplacementer an de Kontakt tëscht de Mënschen ze limitéieren. Esou soll och de Risiko vun der Kontaminatioun senken.

Zënter zwou Wochen funktionéiert a beweist sech zu Lëtzebuerg eng Plattform zur Teleconsultatioun. All Dag klëmmt d’Unzuel u Rendez-Vousen tëscht Professionellen a Patienten. D’Plattform zielt aktuell ëm 600 Dokteren, méi wéi 4.000 ageschriwwe Patienten an 3.000 realiséiert Teleconsultatiounen.

Ma, et komme vill Froen op. Fir besser op verschidde Besoinen äntweren ze kënnen hunn d’Krankekeess (CNS), d’Agence eSanté, d’Gesondheetsdirektioun, de Collège Médical, den ieweschte Rot vu verschidde Gesondheetsberuffer, d’Associatioun vun Dokteren an Zänndokteren, wéi och d’Lëtzebuerger Associatioun fir Hiewanen verschidden Initiativen an d’Liewe geruff.

Teleconsultatioun

© JESHOOTS.COM / Unsplash

An engem erklärenden Dokument ginn déi spezifesch Reegele vun der Teleconsultatioun am Kader vun der Pandemie erkläert. Heibäi adresséiert ee sech souwuel un déi Professionell aus dem Secteur, wéi och un d’Patienten.

Dës weideren huet een een Tutorial erstallt, deen a 4 Deeler erkläert, wéi een d’Plattform vun der Teleconsultatioun benotze soll. Zënter dem 9. Abrëll kënne Patienten op déi éischt zwou Partien vum Tutorial iwwert d’Säite vun der CNS an der Agence eSanté zeréckgräifen. An engem éischten Deel ginn generell Informatiounen, wéi och d’Modalitéiten zur Aschreiwung op der Plattform beschriwwen. Am zweeten Deel geet et dorëm, wéi een ee Rendez-Vous festleet, den drëtten Deel handelt iwwert den Oflaf vun der Teleconsultatioun, de véierten Deel iwwert d’Zäit no der Teleconsultatioun (virun allem d’Verschécke vun Dokumenter). Dës zwee lescht Partien sinn ab dem 11. Abrëll 2020 ofruffbar.

Tele-Suivi: 390 infizéiert Patienten notzen den Outil MAELA

Zënter dem 30. Mäerz 2020 kann een zu Lëtzebuerg vum Outil MAELA fir den Tele-Suivi Gebrauch maachen. Dës Léisung ass bis ewell schonn an alle Spideeler, am Kolpecher Schlass, wéi och op der Plattform vun der Gesondheetsdirektioun genotzt ginn. Iwwert d’Säit suivicovid.lu kritt een a 5 Sproochen den Accès zur Léisung.

Wien positiv op COVID-19 getest ginn ass kann duerch MAELA op Distanz begleet ginn Dëst gëllt souwuel fir hospitaliséiert Persounen, wéi och d’Patienten Doheem. All Dag, an dat wärend 2 Wochen, muss de Patient op eng medezinesch Befroung äntweren. De Suivi gëtt duerch eng professionell Ekipp vun der Gesondheetsdirektioun erméiglecht.

Säit dem 9. Abrëll 2020 ginn 388 Patienten iwwert dësen Outil begleet.

Opmaacherbild: © Ani Kolleshi / Unsplash

Related topics CNS, Coronakris, Coronavirus, Covid-19, eSanté, Gesondheet, MAELA, Pandemie, Tele-Suivi, Teleconsultatioun
Next post Previous post