Search

You may also like

money
Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo
Neiegkeeten

Partnerschaft tëscht Cargolux an Emirates Skycargo

Zu München gouf en Dënschdeg tëscht der Cargolux an Emirates

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt
Neiegkeeten

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt

Nodeems et zu Moskau net zu valabele Gespréicher komm ass,

Weider Moossnamen am Kampf géint Desinformatioun
Neiegkeeten

Weider Moossnamen am Kampf géint Desinformatioun

Op Invitatioun vum däitsche Virsëtz huet d’Justizministesch Sam Tanson gëschter

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat

Télétravail… zumindest gouf emol driwwer geschwat

Bei deem wat den Debat zur Petitioun zum Recht op Homeoffice bruecht huet, hätt een et wuel och kënne ganz fale loossen. Mee et dierf een wuel och net den Androck opkomme loossen, datt wann e scho keng Loscht huet, datt dobaussen och esou erkannt gëtt.

Den 19. Abrëll hatt de Serge Remy seng Petitioun zum Recht op den Télétravail (1556) agereecht, mat där hien net manner vun der Regierung fuerdert, wéi dat am Aarbechtsrecht (Artikel L-010-1) néierzeschreiwen. Hien hat largement de Quorum vun Ënnerschrëften erhalen, an eigentlech, esou zumindest hätt een dierfen unhuelen, sollt et an dësem Kontext ee breede politesche Konsens ginn.

Erënnere mir dann hei emol aleedend dorunner, datt d‘Partei vun de Räichen a Privilegiéierten, am Juli 2018 den Télétravail am Zäitalter vun der Digitaliséierung, als eng gutt Optioun erkannt hat, an de fréieren DP-Fraktiounschef Eugène Berger erkläert hat: „D‘Politik muss sech an dësem Dossier hirer Verantwortung bewosst ginn an de legislativen Terrain virbereeden“. D‘Kriss gouf et nach net.

Den Eugène Berger hat et am Februar, kuerz iert d‘Covid19-Kris iwwert d‘Land hiergefall ass, da virgezunn sech op Wollek 7 zeréckzezéien, a wier wuel erfreet gewiescht, op Äerden erliewen ze dierfen, datt dank „Homeoffice“ d‘Wirtschaft zu Lëtzebuerg net an deem Mooss an d‘Gette goung, wéi dat bei deene meeschten aneren EU-Partner de Fall war. Den Télétravail hat sech bewisen…

Eigentlech war de Wee virgezeechent

Gëschter Moien da gouf an der Chamber dem Serge Remy seng Petitioun – déi niewebäi gesot 5.824 Ënnerschrëften erhalen huet – an der Chamber vum Petitiounsausschuss, mam Petitionnaire, ee puer Ministeren an Deputéierten debattéiert. D‘Presidentin vum Petitiounsausschuss, Nancy Arendt (CSV) huet hei nach ervirgehuewen, datt et d‘Petitioun mat de meeschte Signature war.

Interessant och hei, datt d‘Nancy Arendt, ganz kloer drop higewisen huet, datt den Télétravail sech an der Kris bewäert huet, an och besonnesch d‘Chamber „nëmmen dank Homeoffice weiderschaffe konnt“. Et wier leider esou, datt et unhand ville Faktore keen einfacht Thema ass. Dat huet de Serge Remy net dru gehënnert, déi grouss Avantage vum Télétravail mat gudden Argumenter virzedroen.

Hien huet allerdéngs och op d‘Geforen higewisen, déi sech bei schlechtem Ëmgang mat dësem jo awer nach „neien“ Aarbechtsinstrument opdinn: déi sozial Distanz, d‘Zesummenaarbecht, de „Laisser-aller“ a villes méi. Dofir sollt et verständlecherweis eng Mëschung aus physescher Presenz an der Entreprise an eben dem Homeoffice ginn. Eng genee Virstellung huet hien och geliwwert.

Alles am richtegen Ausmooss

Fir de Serge Remy wier et méiglech bis zu 50% vun der Aarbechtszäit am Homeoffice ze verbrénge woubäi dat aus fiskale Grënn net fir Frontalieren duerchzesetzen ass. Déi awer sollte mindestens 47 Deeg/Joer den Télétravail fir sech beusproche kënnen. Fir dat awer emol grondsätzlech festzeleeën, muss d‘Recht op Télétravail gesetzlech verankert ginn. Dat well d‘Patronat fräiwëlleg net dru geet.

Beim Debat huet et dann awer zolidd Géigewier ginn. D‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng, Josée Lorsché – déi leider net op d‘Virdeeler am ekologesche Sënn agaangen ass – huet drop higewisen, datt den Télétravail am Gesetz ze verankeren zu sozialen Ongläichheete féiert, an nëmmen déi „intellektuell“ dovu profitéieren, wären déi „manuell“ dovunner awer grondsätzlech ausgeschloss.

Si schéngt aus Grënn vu sozialer Gerechtegkeet drop bestoen ze wëllen, datt déi Beschäftegt aus dem Finanzsecteur, och weiderhi mam Auto an d‘Land afalen. An déi maachen dat well si sech et leeschte kënnen, wärend déi Leit aus de „presenzflichtege Beruffer“ (Bau, Eenzelhandel, Horesca, asw.) schonn aus finanzielle Grënn den ëffentlechen Transport notzen. Kann een esou stoe loossen.

Wat ee sech elo net erwaart hätt

Den ausgewisen Homeoffice-Expert Aly Kaes (CSV) stell fest, datt et den Télétravail och ëmmer nëmmen da wierklech e Virdeel fir de Salarié ass, wann dësen sech en entspriechende Logement leeschte kann. Och hie spillt déi „sozial Kaart“ aus. Eigentlech huet just den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) sech fir den Télétravail ausgeschwat. Mee hien huet den Avis vum CES gelies

Hien awer sollt d‘Iwwerraschung bidden: Télétravail soll iwwerall do wou et méiglech ass, och erméiglecht ginn, esou de Minister. Dat dann awer nëmmen am béidsäitegen Averständnes vum Patron an dem Salarié. Anescht ausgedréckt, ee „Recht op Homeoffice“ kann et net ginn. Genee dorëms awer war et dem Petitionnaire gaangen, a genee dat ass et och, wat elo gebraucht gëtt.

Esou war den Debat um Méindeg net nëmme besonnesch enttäuschend fir de Serge Remy an all déi sëllege Mënschen déi „Homeoffice“ net eleng aus Aarbechtsrechtleche Grënn ustriewen, mee et ass och eng verpasste Chance, déi ekologesch gewënschten Transitioun unzestoussen. Dat a gewësser Manéier, Käschtenneutral. Gutt datt den Eugène Berger d‘Trauerspill net méi huet erliewe mussen.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Homeoffice, Petitioun 1556, Serge Remy, Télétravail
Next post Previous post